Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee dat ass een Heeschert, dien nëmmen esou mécht.
Photo: ET / Syndicat d’Initiative |
D’ Groussgaass gëtt zougemauert !
Wien Lëtzebuerg kuckt aus der
Vullen Perspektiv,
Dien gesäit natierlech méi mat
enger Spektiv.
T’ wär eng Sauerei wat d’ Heescheleit do dreiwen,
Genuch fir dem Lyd een schwäiwëllen
Bréif ze schreiwen.
Mee d’ Autoritéiten hunn keng Autoritéit,
T’ ginn gutt an schlecht
Heescheleit sot den Hoppen Théid.
D’ Castafiore huet hir Bijouen
nit méi?
Dat war keen Zigeiner, mee eng
kleptoman Kréi.
D’ Lyd freet den Conseil
Ornithologique em Rot,
D’ Bianca, d’ Zigeiner an d’ Kréi
goufen gefrot.
D’ Heescheleit man mer mat
engem Schantjen sauer:
Mer spären d’ Groussgaass mat
enger Festungsmauer.
No comments:
Post a Comment