Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass een zerzauselten Kommissar.
Photo: ET / Grouss Kommissioun
|
Hëllef, de Juncker krut keen
Stull
De Juncker grommelt: “Märrtt,
dat ass lo schonns vir d’ zweet,
Dass den Bettel mer mat den
Still op d’ Nerven geet!
T’ éischt den Premier’s Stull
ënnert dem Aasch weg gezunn,
An elo huet en Mech ëm eng Chaise
longue bedrunn!”
Virun der europäescher Hexen
Kichen,
Ass den Juncker amgaang no
sengem Stull ze sichen.
T’ goufen aachtanzwanzeg Still
do opgeriicht,
Mee keen fir den Juncker! Huet
de Bettel dat gestiicht?
Nee, d’ Schold fält alt erëm op
d’ Kulturministesch,
Déi wollt spueren, an den
Juncker krut den Wësch!
Béis Zongen soen t’ wär alt sou
eng Geschicht, déi Still,
Een wäitleefegen Koseng hat deeër
Still zevill.
Well den Péckvillchen selwer
Kultur Schaffert ass,
Wiert hien sech mam Maggy géint
esou een Beschass.
Dat Konschtwierk, saïn symetreschen
Equiliber,
Verschléit engem den Otem,
awer och d’ Wierder.
T’ Konzeptualitéit vum Wierk
ass subliminal,
Anti-performativ, avant-garde ouni
Schal,
An enger nach formalistescher
Installatioun,
Dialektesch eng Rigueur fir’m Juncker
seng Fonktioun.
“Ma jo,” sot den Juncker, “wei
dat dann esou geet,
Dann sinn Ech alt erëm dien
leschten Mann dien steet!”
Ma Jean-Claude huel Plaz, d’ Présidence
ass an d’ Vakanz,
Och wann s’ all hei wären, léichen
se dach op der Panz.
La présidence luxembourgeoise du Conseil de l’Union européenne a installé 28 transats aux couleurs des États membres devant son siège de Bruxelles. (L'Essentiel) |
No comments:
Post a Comment