Tuesday, July 21, 2015

Hëllef, de Juncker krut keen Stull


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een zerzauselten Kommissar.
Photo: ET / Grouss Kommissioun

Hëllef, de Juncker krut keen Stull


De Juncker grommelt: “Märrtt, dat ass lo schonns vir d’ zweet,
Dass den Bettel mer mat den Still op d’ Nerven geet!
T’ éischt den Premier’s Stull ënnert dem Aasch weg gezunn,
An elo huet en Mech ëm eng Chaise longue bedrunn!”

Virun der europäescher Hexen Kichen,
Ass den Juncker amgaang no sengem Stull ze sichen.
T’ goufen aachtanzwanzeg Still do opgeriicht,
Mee keen fir den Juncker! Huet de Bettel dat gestiicht?

Nee, d’ Schold fält alt erëm op d’ Kulturministesch,
Déi wollt spueren, an den Juncker krut den Wësch!
Béis Zongen soen t’ wär alt sou eng Geschicht, déi Still,
Een wäitleefegen Koseng hat deeër Still zevill.

Well den Péckvillchen selwer Kultur Schaffert ass,
Wiert hien sech mam Maggy géint esou een Beschass.
Dat Konschtwierk, saïn symetreschen Equiliber,
Verschléit engem den Otem, awer och d’ Wierder.

T’ Konzeptualitéit vum Wierk ass subliminal,
Anti-performativ, avant-garde ouni Schal,
An enger nach formalistescher Installatioun,
Dialektesch eng Rigueur fir’m Juncker seng Fonktioun.

“Ma jo,” sot den Juncker, “wei dat dann esou geet,
Dann sinn Ech alt erëm dien leschten Mann dien steet!”
Ma Jean-Claude huel Plaz, d’ Présidence ass an d’ Vakanz,
Och wann s’ all hei wären, léichen se dach op der Panz.

La présidence luxembourgeoise du Conseil de l’Union
 européenne a installé 28 transats aux couleurs
des États membres devant son siège de Bruxelles.
(L'Essentiel)


























Friday, July 17, 2015

Gambia nennt sech elo den Vaga Bund


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Mannequin vun Chaussures Léon. 
Photo: Selfie

























Gambia nennt sech elo den Vaga Bund

Am ganzen Land sicht den Parquet no engem Mann,
Deem ee bloen Schong op de lenken Fouss passen kann.
Hien war um Bal du quatorze juillet bis Hallefnuecht,
Beim Fortlafen huet en d ‘Schong an der Trap verluer.

Trotz Vakanz rifft den Péckvillchen seng Redaktioun,
A schéckt seng beschten Leit op Investigatioun.
Den Prömmjee steet do sech hannert dem Schal ze krazen:
“Wann dat den Tom ass, mellen Ech dat a Brazen!”

Et dauert nit laang an Breaking News sinn gebrach:
Den Tom Cinderella fëllt elo d’ Summerlach!
“OMG”, sot den American zu Lëtzebuerg,
“Et muss een dien fannen, soss gëtt et awer uerg!”

An do huet den Péckvillchen och schonn gemellt:
“Den Tom Cinderella trëppelt buerféiss duerch d’ Welt.”
“O Meeschter” sot den Tom, “huelt mer näischt fir iwwel,
Dës Affaire geet nit nëmmen Iech op den Stiwwel.”

D’ Schong hunn gepasst, alles war frou wéi nach ni,
Hien gëtt Kulturminister an kënnt op den Selfie.
An den Bausch dréckt sech vir an gëtt him gréng Händschen,
“Wat gutt ass géint d’ Keelt, ass gutt géint Global Schweessen.”

Den Schneider bréngt him eng Mooss geschneidert rout Kap,
“Vun der (L)(S)(A)P, mee pass op an der Trap!”
D’ Oppositioun laacht sech freckt bis op den leschten Spunt:
“Blo, gréng, rout, Gambia heescht elo den Vaga Bund.”

Mee d’ jalous Leit an der (C)(S)(V) déi sinn méi schlau,
Déi kucken an d’ Zukunft an wëssen jo genau,
Geschwënn sinn se erëm drun an nit den Xav,
Dann geet erëm alles op den Kréienaen an d’ Oktav.


*Note: Wat zwëschen Klameren steet konnt leider nach nit verifiéiert ginn.

Monday, July 13, 2015

Den Bettel huet se all op Twitter gewichst


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Tweeter. Photo ET / Présidence























Den Bettel huet se all op Twitter gewichst

Den Bettel sot, “mer halen d’ Griichen nach een Joer,
Mir wären léiwer frou wéi traureg, ganz kloer!
Mee awer nit zu egal wat vir engem Preiss,
Nee et misst den Schäuble sinn, soss drécken mer eis.”

Den Hollande huet dunn gesot hien wär de Bindestrich,
Hien stéing do als trait d’ union zwëscht dem Preiss am Griich.
Den Gramegna sot, “mir stinn zwëscht Preiss an Fransous,
D’ Lëtzebuergesch Présidence gëtt der Welt keen Stouss.”

An duerfir haten d’ Lëtzebuerger jo all gutt Zäit,
Si  hunn dunn dem Bettel säin Twitter virbereet.
Kaum sot den Griich “Jawoll” huet den Bettel getweet,
Hien war den éischten, mee huet den Treuhand Fong verspillt.



Saturday, July 11, 2015

Dien Belsch do klaut eis den Hämmelsmarsch








Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Coq Wallon.
 Photo: Vlaamse Leeuw.

Dien Belsch do klaut eis den Hämmelsmarsch

Am groussen Sall vun den Privilegiéierten,
Dorënner e puer Lëtzbuerger Deputéierten,
An virun den Aen vun Présidence an Xav,
Ass dien Belsch Amok iwwert eisen Wee gelaf.

Hien turnt, an jäitzt op Flamenglesch, an gëtt es nit midd,
An violéiert eis mam flammänneschen Lidd!
Mir protestéieren beim Belsch iwwert dat Ganzt,
Bei eis gëtt nëmmen op den Hämmelsmarsch gedanzt! 


Hei ass d' Beweismaterial:










Wednesday, July 1, 2015

D’ Maggy baut een “Fierkelsgate”


Wat heescht hei Barbecue!? Photo ET / Agri Kultur






















D’ Maggy baut een “Fierkelsgate”

An den Koschongs Restaurant zu Weiler-la-Tour,
Ass d’ Maggy mam Obelix op eng Friess gefuer.
Do goufen dann eng Honnert Fierkelen geschluecht,
A schéin eent nieft d’ anert op den Barbie geluecht.

Vun der Kultur huet den Assurancetourix gesongen,
Während d’ Leit bis op d’ Terrass schéin brav Schlaang stoungen.
“Ool Ju känn iet,” stoung do, ganz déck ënnerstrach,
Alles stierzt sech mat den viischten Féiss an den Trach.

“Ei” sot d’ Magg, “no deem Sauwieder op der Terrass!
An sech mat engem ganzen Gissi den Mo opgerass!
Well direkt wann dat hei d’ Wuert Kultur emol héiert,
Gëtt och gläich een ganzt Fierkel eragefeiert.”

Den Obelix dien bafft, an jickt, an knätscht, an keimt:
“Ma Magges, Du hues jo wéi den Péckvillchen gereimt!”
T’ gouf gefrupst, Schwéngsféiss, Jelli, an eng krupseg Schwaacht,
An eng Héiss, et huet engem bal ze vill gutt geschmaacht.

Mëtten an deeër Freed sot den Wiert: “T’ ass näischt méi do!”
Den Obelix fiert op: “Wat man mer dann elo!?
‘Ool Ju kann iet’, steet jo awer do geschriwwen,
Ech sinn nach hallef erhéngert, näischt iwwerdriwwen!”

“Ool you kann iet, dat wëllt jo awer nit soen,
Friesst alles, an loosst bei jëmmen näischt stoen!”
An d’ Magg sot: “An iwwerhaapt d’ Fierkel war nit koscher,
Meng kataresch Frënn wéilten et mol nit mat Moschter.”

Sou huet den Péckvillchen gelies am Paperjam,
Vun dem groussen Leed iwwer eng Fierkelsham.
Zum Gléck war d’ Maggy awer nëmmen privat do,
An huet zu gudder Läscht och bezuelt, plus dräi Euro.




Tuesday, June 30, 2015

O grexte nit! D’ Griichen halen och een Referendum!


Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee dat ass een geieregen Geier. Photo ET






















O grexte nit! D’ Griichen halen och een Referendum!

Zu Bréissel noschelt den Juncker vum Pabeier,
Vun Verrot, Afferlämmchen, jee déi al Leier.
“WTF” huet dunn den Varoufakis getweet,
Mee den Juncker liest déi Tweeten jo nie.

Den Tsipras sot, “Ech droen jo gär eng Krawatt,
Dann maacht Dir awer beim Läpp iwwert d’ Box och mat.
Mee den Juncker schléit een gläich am rosenen Soff,
Wei an der Zäit den Sokrates, mäin alen Proff.”

“Duerfir froen mer elo all Griich an Griichin:
Jo oder Nee, sidd Der géint déi, déi derfir sinn?
An meng Regierung setzt sech an fir dräimol Nee,
An esou stëmmen dann Les Enfants du Pirée.”

“Dann pass awer gutt op Dech op,” sot dunn den Xav,
“Herno bass De vun achtzeg Prozent iwwerlaf,”
“WTF” sot dunn den Varoufakis, “Dir litt,
Bei den Griichen sinn jo achtzeg Prozent d’ Élite.”

D’ Lëtzebuerger Présidence schafft um Compromis,
Well mer maachen deenen Griichen do eng Saisie,
Wann se nit noginn beim Läpp an d’ Box an een Schal,
Dann ass den Grexit eisen Banken schäissegal.



Tuesday, June 23, 2015

Een Rappel vun 2013 um Nationalfeierdag


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een gewielten Pohunn. 
Photo: Information et Presse





















Een Rappel vun 2013 um Nationalfeierdag


T’ ass Nationalfeierdag ouni Te Deum,
Mee trotzdem, am belschen Schick sinn mer all am Jumm.
Op den Hitt léisst den Pohunn d’ Plommen hänken,
Eng gutt Zäit , un déi al Verspriechen ze denken.


Mäin Walprogramm 2013, vum 12. August 2013

Wann de Péckvillchen ophält mat reimen, dann kënnt een un d' Keimen.

Virun den "Neiwalen" wollt Ech eemol hei d' Rollen vum Kandidat an Wieler kloer stellen: t' brauch keen mir soen ze kommen, "Ech sinn Kandidat, an hei ass mäin Programm, stëmm fir mech ". Et ass grad ëmgekéiert. Ech soen Dir, Kandidat, wat Ech, den Wieler gären hätt, an wann' s De dat nit kanns oder wëlls, kriss Du meng Stëmm nit.

Ech, den Wieler sinn dien, dien Dech engagéiert fir an mäin Service als mäin Deputéierten ze trieden. Wann Ech Dech wielen, bass Du gebieden dat ze maachen wat Ech gären hätt. Keen Cadeau, just gutt Aarbecht. Duerfir soen Ech Der hei wat Deng Aarbecht ass.

Vergiess jo nie dat Ech dien sinn dien Dir déi Aarbecht gëtt. A wann' s De iren solls Minister an der neier Regierung ginn, verstéi dat Minister vum Latein kënnt, an wëll Dénger oder Serviteur soen. Du bass nit mäin Patron. Ech sinn Däin Patron. Du bass just mäin Vertrieder. Ech ginn Der een Déngscht Grad, eng (gutt) Pei an d' Autoritéit fir Deng Aarbecht ze maachen. Fir dass eist Verhältnis kloer ass, duzen Ech Dech och. Domat sinn mer dann sécher dass De verstees dass De nit op engem Piedestal stees, mee dat mir gläich sinn, absolut gläich. Ech soen Der all Respekt, wann Däin Zweck ass dem Land ze déngen, an manner esou wann' s De just no Pouvoir glëschts. Vergiess dat nit wann d' Iwwerhieflechkeet  no Denger Wal mat Dir duerch soll goen. An verstéi och dass Ech, de Wieler, Dir oppassen an dass Du mir Rechenschaft schëlleg bass.

Wann' s Du gären meng Stëmm häss, muss Du wëssen dass Ech fir unzefänken keng Persoun, Starlettchen oder Célébritéit wielen. Nee, Ech stëmmen fir Iddien. Hei sinn meng Iddien, dat mécht Dir et méi einfach mech mat deenen z' iwwerzeegen.

1. Ech ginn Der zwee Joer fir eng nei Constitutioun ze schafen  

O, keen Gewurschtels ëm déi al Constitutioun. Och nit dat Getechtelmechtels ëm dien neien Projet dien iergendwou zënter Joeren  mautscht, an dien bis elo ee schlammen Kompromëss zwëschen blannen Apparatchiken ass. Nee, organiséier Diskussiouns Versammlungen op den Gemengen duerch d' Land an lauschter op d' Leit déi eppes zum Text wëllen bäidroen. Dann maachen mer een Referendum wou all Kapitelen eenzel sollen acceptéiert ginn. Fir d' Mooss, déi al Constitutioun huet zwielef Kapitelen. Wann een Kapitel duerchfält, gëtt deem Rechnung gedroen an et gëtt een zweeten Referendum iwwert déi amendéiert Kapitelen. Dann huet d' souveränt Vollek tatsächlech gesot wéi mir wëllen zesummen liewen. No dem Aarmut and den Skandaler vun den zwee leschten Joeren, ass dat d' grouss Botz mat deeër een muss ufänken. Eng kredibel Constitutioun déi och respektéiert gëtt, zemol se och muss soen wéi Ech géint Dech kann Klo féieren wann' s De se mat Féiss trëppels, wéi dat elo d' Gewunnecht ass.


2. Eng zweet Prioritéit ass Transparenz hierzestellen

Ech muss jo op Dech oppassen, wann' s De gewielt gëss. Mir wëssen jo dass den Pouvoir korrupt mécht, wann keen nokuckt. Fir déi néideg Transparenz ze kréien, hei ass meng Lëscht vun Saachen déi ze maachen sinn, an Du solls Dech nit derlaanscht drécken fir dat an Musek ze setzen d.h. déi folgend Gesetzer an Reglementer endlech op den Dësch ze leeën:

  • Mir waarden schonn 12 Joer op déi Lëtzebuergesch Versioun vun engem "Freedom of Information Act", also de Projet de Loi Bodry iwwert d' Recht Zougank ze hunn un der Regierung an der Administratioun hir Informatioun. Ech muss jo kënnen kucken wat' s De schaffs. An looss Noten huelen vun den Gespréicher déits De féiers, dann kanns De herno nit léien, oder Du gëss erwëscht.
  • Dann hätt Ech gären een Code de Déontologie, dien eppes daacht. Dann weess Du an Ech wéi' s Du Dech solls opféieren. Vergiess nit mat deem Unfug opzehalen wou Deng puer privilegiéiert Staatsbeamten sech an den privaten Verwaltungsréit verwinnen loossen. Dat ass offiziell Korruptioun.
  • Dat nächst ass endlech een Gesetz géint d' Korruptioun. Nit fir eppes ze soen, mee den Pouvoir mécht korrupt. Du muss also wëssen wéini dass De riskéiers an de Bing ze goen. Iwweregens hätt Ech gär dat et duer geet wann 1/3 vun der Chamber eng Enquêten Kommissioun stëmmt. Mir hunn jo gesinn dat soss alles ënnert den Teppech gestëmmt gëtt.
  • Et feelt och een Gesetz iwwert den Lobbying. Do sinn mer esou krank, dat d' Lobbyisten alt an verschiddenen Gremien an den Komiteeën sëtzen. Een Lobbyist muss een enregistréierten Beruff sinn, oder nëmmen konstituéiert Organisatiounen, wéi Gewerkschaften, Associatiounen, asw.
  • Ech weess et ass heiansdo schwéier fir dat Richtegt ze maachen. Eisen Nach-Premier sot emol, hien wiisst genau wat hien misst maachen fir d' Problemer ze léisen, mee wéi géif hien dann awer zréck gewielt? Dat ass Leadership! Ech mengen mer mussen deenen Leit d' Liewen méi liicht maachen an nëmmen zwee Mandater noeneen erlaben. Dann kann een wéinstens déi zweeten Kéier den Courage hunn eppes ze maachen. An d' Land léiert an engems dass keen indispensabel ass.
  • Datselwecht gëllt fir d' Kumuléieren vun Mandater. Wou solls De do Deng Aarbecht maachen?
  • Dann bleift och nach eis Justiz. Mir kënnen keen zouverléissegen Banken Zenter sinn mat enger Justiz déi nit fonctionnéiert wéi se soll. Joeren an Joeren Gedeessems fir een Jugement ze kréien ass schlëmm. Et ass eng Violatioun vun den Mënscherechter an ass virun allem schlechten Business fir Lëtzebuerg. D' Victimen (auslännescher virun allem) vun der BCCI, vum Madoff an Kaupthing kéinten ee Lidd sangen, mam Enrico Macias virop. Bal 30 Joer Bommeleeër Affaire ass jo nawell een gutt Beispill fir sech virzestellen  wat d' Ausland iwwert eis Justiz denkt: elo sinn alt erëm 8 Wochen Vakanz, an d' Gericht, d' Affekoten and déi Ugekloten sinn op der Plage oder am Schwarzwald.
  • Zu gudder Läscht bleift den Problem vun der Representativitéit vun eisem Parlament. Do sinn bal nëmmen Affekoten an Staatsbeamten, all mat hirer aler Carrière als Garantie. Déi representéieren sech virun allem selwer. Déi aner Lëtzebuerger kënnen wéinstens fir déi stëmmen. Mee d' Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen, schaffen, an Steieren bezuelen hunn näischt ze radetten. "Taxation without representation" géingen d' Amerikaner soen .... Ech loossen mech do vun Dir iwwerraschen, genau wéi bei Froen wéi der Séparatioun vun Staat an Kierch, oder wéi weit mer den Kapp hin halen zu Bréissel.  
Dat ass déi grouss Botz. Doniewent bleift déi dagdeeglech Aarbecht, virop bal 20.000 Chômeuren. Dat quëtscht den Duerchschnëtts Lëtzebuerger, dien säin Geld mat haarder Aarbecht verdéngt, zwëschen zwee ëmmer méi grouss Lächer, déi mat sengen Suen mussen gestoppt ginn: op der enger Säit fir déi ouni Aarbecht ze ënnerstëtzen, op deeër aner Säit fir déi futsch Banken ze retten. Dat packen mer nit éiweg. Do hues De elo Spillraum genuch fir ze weisen wat' s De kanns, an ze maachen wat een muss maachen, zemol wann' s De Däint zweet Mandat hues: Du kanns jo dann souwisou nit méi erëm gewielt ginn!



Bonne Chance fir den 20ten Oktober. Mat mir verdierfs D' et awer wann' s De am Walkampf mat Dreck geheis, Ligen erziels an virun allem nit méchs wéi Ech, den Wieler, Der elo grad erkläert hunn.