Sunday, July 13, 2025

D’Biekericher Waundmillen huet säin éischten Don Quijote ! **

 


















Den Péckvillchen op der Turbin



D’Biekericher Waundmillen huet säin éischten Don Quijote ! **


Zu Arel op der Knippchen,

Do ass Een guer nit frou!

Well Biekerich hätt eng Millchen,

An gläich hätt et der och zwou.

 

Sou sot den Don Guiot iwwert d’Vergaangenheet,

Am L’Avenir ***, der Zeitung déi jo an der Zukunft läit.

Mat spatzer Fieder seet hien, “déi aus dem Grondüschee,

Schlouen der Landschaft mat der Fooscht an den Klischee.”

 

Den Péckvillchen souz héich um Mast mat guddem Rot,

“Fir heihin muss een vun hannen kommen” huet hien gesot.

“Soss geréit een mat den Flilleken an d’Turbin.

Mee vun hei kanns de d’gaunzt Areler Laund iwwersinn.”

 

Do läit Alenuewen, Diddenbuerg, an Heckbous,

Den Faaschterhaff, Tountel, an den Fruessemer Stouss,

Do läit Sterpenich mat sengen dräi Waundmillen,

Katterwang, Neischatto mat den rouden Zillen.

 

An do gesäit een wéi den Don Guiot schonn sot,

D’Biekericher Waundmillen steet der Graenz op d’Noht.

Wann zu Giisch d’Sonn opgeet steet den Barrong am Schied,

Duerfir hëllt den Don Guiot d’Wandmillen an d’Gebied!

 

Den Péckvillchen sot, broochen mer  méi Transparenz?

Ech ginn bei den Barrong just déi Säit der Graenz,

An soen mer haetten un eng Atomzentral geduecht.

Mee déi Iddi wär awer lo op d’Äis geluecht.

 

Amplaz riichten mer dann eng zweet Wandmillen op,

Direkt nieft déi aner, gaunz uewen op der Kopp.

Dann kritt Giisch bellichen Stroum aus dem Grondüschee,

An ass och nuets dat schéinsten Duerf an der Wallonie.

 

Dann ginn mer Iech e puer al Lutepottoen,

Den Xav war nie zu Giisch, mee kéint fir d’Fotoen,

Wann op St Willibrord mer d’Schlass an d’Kierch beliichten,

An mat Maitrank den Avenir an d’Zukunft riichten.

 

** Den Péckvillchen schwätzt nach wéi de’i (al) Leit vun  Biekerich, Schwaecherdaul, Préizerdaul an al Areler Sprooch.


*** Lavenir, Artikel: bit.ly/3GlEzI8

Oder:

https://www.lavenir.net/regions/luxembourg/arlon/2025/07/04/eolienne-a-beckerich-un-coup-de-poing-dans-le-paysage-arlonais-BPK6LAR7QJFUPO4G2ZVYQUJVHM/



No comments:

Post a Comment