Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass een Mannequin vun Chaussures Léon.
Photo: Selfie
|
Gambia nennt sech elo den Vaga
Bund
Am ganzen Land sicht den
Parquet no engem Mann,
Deem ee bloen Schong op de
lenken Fouss passen kann.
Hien war um Bal du quatorze
juillet bis Hallefnuecht,
Beim Fortlafen huet en d
‘Schong an der Trap verluer.
Trotz Vakanz rifft den Péckvillchen
seng Redaktioun,
A schéckt seng beschten Leit
op Investigatioun.
Den Prömmjee steet do sech
hannert dem Schal ze krazen:
“Wann dat den Tom ass, mellen
Ech dat a Brazen!”
Et dauert nit laang an
Breaking News sinn gebrach:
Den Tom Cinderella fëllt elo d’
Summerlach!
“OMG”, sot den American zu Lëtzebuerg,
“Et muss een dien fannen, soss
gëtt et awer uerg!”
An do huet den Péckvillchen
och schonn gemellt:
“Den Tom Cinderella trëppelt buerféiss
duerch d’ Welt.”
“O Meeschter” sot den Tom, “huelt
mer näischt fir iwwel,
Dës Affaire geet nit nëmmen Iech
op den Stiwwel.”
D’ Schong hunn gepasst, alles
war frou wéi nach ni,
Hien gëtt Kulturminister an kënnt
op den Selfie.
An den Bausch dréckt sech vir
an gëtt him gréng Händschen,
“Wat gutt ass géint d’ Keelt,
ass gutt géint Global Schweessen.”
Den Schneider bréngt him eng Mooss
geschneidert rout Kap,
“Vun der (L)(S)(A)P, mee pass
op an der Trap!”
D’ Oppositioun laacht sech
freckt bis op den leschten Spunt:
“Blo, gréng, rout, Gambia
heescht elo den Vaga Bund.”
Mee d’ jalous Leit an der
(C)(S)(V) déi sinn méi schlau,
Déi kucken an d’ Zukunft an wëssen
jo genau,
Geschwënn sinn se erëm drun an
nit den Xav,
Dann geet erëm alles op den Kréienaen
an d’ Oktav.
*Note: Wat zwëschen Klameren
steet konnt leider nach nit verifiéiert ginn.
No comments:
Post a Comment