Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee dat ass een geieregen
Geier. Photo ET |
O grexte nit! D’ Griichen
halen och een Referendum!
Zu Bréissel noschelt den
Juncker vum Pabeier,
Vun Verrot, Afferlämmchen, jee
déi al Leier.
“WTF” huet dunn den Varoufakis
getweet,
Mee den Juncker liest déi
Tweeten jo nie.
Den Tsipras sot, “Ech droen jo
gär eng Krawatt,
Dann maacht Dir awer beim Läpp
iwwert d’ Box och mat.
Mee den Juncker schléit een gläich
am rosenen Soff,
Wei an der Zäit den Sokrates, mäin
alen Proff.”
“Duerfir froen mer elo all
Griich an Griichin:
Jo oder Nee, sidd Der géint déi,
déi derfir sinn?
An meng Regierung setzt sech
an fir dräimol Nee,
An esou stëmmen dann Les
Enfants du Pirée.”
“Dann pass awer gutt op Dech
op,” sot dunn den Xav,
“Herno bass De vun achtzeg
Prozent iwwerlaf,”
“WTF” sot dunn den Varoufakis,
“Dir litt,
Bei den Griichen sinn jo
achtzeg Prozent d’ Élite.”
D’ Lëtzebuerger Présidence
schafft um Compromis,
Well mer maachen deenen
Griichen do eng Saisie,
Wann se nit noginn beim Läpp
an d’ Box an een Schal,
Dann ass den Grexit eisen Banken schäissegal.
Dann ass den Grexit eisen Banken schäissegal.
No comments:
Post a Comment