Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass een Tweeter. Photo ET / Présidence
|
Den Bettel huet se all op
Twitter gewichst
Den Bettel sot, “mer halen d’
Griichen nach een Joer,
Mir wären léiwer frou wéi
traureg, ganz kloer!
Mee awer nit zu egal wat vir
engem Preiss,
Nee et misst den Schäuble
sinn, soss drécken mer eis.”
Den Hollande huet dunn gesot
hien wär de Bindestrich,
Hien stéing do als trait d’
union zwëscht dem Preiss am Griich.
Den Gramegna sot, “mir stinn zwëscht
Preiss an Fransous,
D’ Lëtzebuergesch Présidence gëtt
der Welt keen Stouss.”
An duerfir haten d’ Lëtzebuerger
jo all gutt Zäit,
Si hunn dunn dem Bettel säin Twitter virbereet.
Kaum sot den Griich “Jawoll”
huet den Bettel getweet,
Hien war den éischten, mee huet den Treuhand Fong verspillt.
Hien war den éischten, mee huet den Treuhand Fong verspillt.
No comments:
Post a Comment