Monday, March 30, 2015

Wat eigentlech fabrizéiert eng Kierchefabrik?


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Kierchhunn. Photo Opus Dei























Wat eigentlech fabrizéiert eng Kierchefabrik?

Fir eng Äntwert, stellen mer eis emol ganz domm,
An ginn op Veianen, do läit d‘ Heck an der Kromm.
Do gouf gemuerkst op den Bietstill fir nach méi Cash,
Nit nëmmen schwaarz Séilen, mee och Cash gouf gewäsch.

Déi  Kierchefabrik ass eng richteg Denkfabrik,
Well do denkt den Dechen mat senger schwaarzer Clique:
“Kommt mir bauen eng Féckmillchen mat schwaarzem Geld,
Mir klauen dem Caesar säint Geld, t’ regéiert d’ Welt!”

Schéin gepriedegt, mee der Däiwel an der Sakristei,
Do gëtt den Afferstack opgebrach fir an d’ Pei.
Elo schneiden d’ Pafefrësser awer schéin Schnësser,
Well se all goufen gebiischt vun deenen Steierfrësser.

Dir wäert gesinn, hei kritt keen d’ Klacken gelaut,
Well d’ Gemeng huet nëmmen geaffert, t’ gouf näischt geklaut.
An esou bleift d’ Kierch am Duerf mat sengen Fabrikanten,
Mam Priedegtstull, Beichtstull, an den Ministranten.


Well t’ gëtt jo nach guer keng Trennung vun Kierch an Staat,
Esou hunn Ech alt d’ Referendumsfroen iwwersat.
An fir Veianen ass dat nach laang keng haart Noss,
Well elo gëtt jo schonn op Schoolleaks geschoss.

Vum Kierchtuerm jäitzt “Skandal” den Hunn an den Iesel,
Et wär elo een “Point de Presse” fir all Quisel:
“Mat Examensleaks verhanselt keen den Eyschen,
An d’ Hansen léisst sech och nit vermeischen!”


Ite, missa est




No comments:

Post a Comment