Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee,
dat ass den Papagei “Dräimol
Vläicht!” dien domm Froen beäntwert.
Mosaik: FMT
|
Dem REFERENDUM ass eng schéin
MERDE ENFUER
Am Anagramm läit d’ Wouerecht
Also mir waren an d’ Wahlen
mam Wielerwëllen,
An den wëllen Wieler wollt mol
giedlech brëllen:
“Roude Léif, komm mir trennen
Kierch an Relioun!
Vun deem hei krut d’ Kierchefabrik
den leschten Spoun!”
D’ Verfassungsreform gouf eng
Verpassungsreform,
Eng verpassten Geleeënheet no
aller Norm.
De wëllen Wieler kuscht, t’
ass keen dien sech muckst,
Wann d’ Muxelbuerger Regierung
d’ Reform verjuckst.
Den siwenten Juni stinn mer
dann all am Reen,
Mir mussen, vum Gesetz entschëllegt
gëtt jo keen.
Mir ginn all richteg Äntwerten
op falsch Froen.
Mee d’ Kierch am Staat mussen mer
weider erdroen.
Verkuerbelt, ass dem Véckpillchen
d’ Wuert “Märtt!” entfuer,
“Mat deem Referendum geet et
mer lo awer duer.
Dien hei äntwert nit “Nee”,
nit “Jo” mee awer “Vläicht”,
Well dat der Trennung vum
Staat an vun der Kierch gläicht.”
No comments:
Post a Comment