Ass dat den Peckvillchen? Nee dien do weess d' Examensfroen! Photo: GovEdu |
Hopp, a lass! Alles an den
Werteunterricht!
An der Zäit, näischt geleiert?
Dann gouf getuddelt!
T’ gouf eng Datz. An haut? Do gëtt
einfach gefuddelt!
Proffen an Kanner knäipen
Examensfroen,
Pappen an Mammen hunn näischt
dergéint ze soen.
Dat léiert een alles am
Werteunterricht,
Dat ass keen Béchsfach, keen
Péckvillchen Gedicht.
Ma jëmmen nee, do léiert een
d’ Werter vun haut,
An wichteg Spréchwierder wei :
Een dien litt, dien klaut.
Wéi een Dokter verschreift
Iech gär eng Fréipensioun,
Wéi mécht een Geldwäsch an
Steieroptimatioun?
An wéi wär et mat enger
frauduléiser Faillite ?
Oder een Stage wéi een
Steieren hannerzitt?
Am Nation Branding sinn mer fir Schwaarzgeld bekannt,
Rulingen an Justizparadies kennt all Kand.
Werteunterricht dréint sech em Versteierung,
Steierhannerzéiung ass och eng Erzéiung.
No comments:
Post a Comment