Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass een maskéierten Abriecher.
Photo LuxPolDep
|
We’i den Schneider dem Braz d’Leviten liesen geet
Zu Lëtzebuerg gëtt elo souvill
agebrach,
Am beschten léisst een keen Schlëssel
am Schlëssellach.
Dann man se engem wéinstens d’
fiischt Dir nit futti!
T’ sot een der Deeg t’ wär eng
Band vun Multikulti!
T’ freet een sech, wéi geet
dat do dann elo weider?
Well déi Raiber waren agebrach
beim Schneider!
Déi wëssen dat do ass een zougänglechen
Mann,
Och wann hien nit do ass, t’
kennt een awer eran.
Gleeft mer, déi Drëps do schléit
dem Faass den Buedem an,
Vun elo un wäerten mer Käpp
mat Neel erëm man.
Mir ginn, wéi soss, een Land vun
Gesetz an Uerdnung!
“Jo,” sot den Braz, “t’ geet erëm
Fouss, Panz, Kullang!”
Den Péckvillchen seet, Här
Minister, Exzellenz,
Wéini kréien den Maybolli der
dann emol laanscht Pänz?
Keen Enn, no zwielef Joer Geriichtsaffairen,
T’ gesäit aus wéi wann mer zu
Brazzaville wären!
No comments:
Post a Comment