Tuesday, November 8, 2011

Ee Griichescht Drama zu Lëtzebuerg









Ass dat do een Péckvillchen? Neen dat ass eng “Turkey Vulture”. Een Pleitegeier.


Iwwert de Wolleken um Olympus,

Luussen d' Götter wien do hëllefen muss.

Et héiert een nit vill Gutts vun Athen,

T' leeft alles schief, mee t' war alt erëm keen.


Den Zeus ass béiss, wäerft em sech mat Blëtzen,

Den Poseidon wëllt hien ënnerstëtzen.

Den Hades stëppelt alt gutt am Feier,

Kanner vum Piraeus, t' gëtt Iech eng Deier!


Ze laang sidd Dir dorëmmer gesprongen,

Mam Goerges Moustaki hutt Dir gesongen,

An Troubadour mam Melina Mercouri,

Plaisir d' Amour mam Nana Mouscouri.


Zur selwechter Zäit huet den Onassis,

Den Niarchos an och den Latsis,

Geschafft a geschaaft, sech an d' Streng geluegt,

An hir Schëffercher op Lëtzebuerg bruecht.


Lo feelt et un Feta an Souvlaki,

Pippikakka seet den Pappakikki.

D' Cassandra vun Naples a Florida,

Prophezeit den retour vun der Drachma.


Zu Bréissel, deem méi klengen Olympus,

All Hallef Gott kritt vum Juncker ee Kuss.

D' Athena Merkel, den Papandreou,

Streit mam Apollo Sarko fir ee Sou.


De Pythagoras rechent mam Euclid,

Wéi een déi Saach do nach un d' Rullen krit.

Am beschten gefält een der Aphrodite,

Andeems Dir hir een gudden Affer gitt!


Mee de Spartakus léisst sech näischt méi soen

Hien schwëtzt um Handy mam Agamemnon.

Den Demosthenes geet mat op eng Demo.

All falen Se hier iwwert den Euro.


Hei op der Cap am Kanton Kapellen,

Do mécht den Herkul Juncker grouss Wellen,

Mat der décker Zéiw an der Buedbidden,

T' gesäit een, hien ass guer nit zefridden.


Op eemol do liicht et an sengem An.

Hien leeft plakeg op d' Strooss, jäitzt: "EURO-KA!

Een Euro ënner Waasser, t' kann een rechnen,

Ass manner wäert wéi eng Drachma um Dréchnen."


D' Leit op der Strooss kucken domm aus der Wäsch.

Sécher, fuer kengem Plakegen an d' Täsch!

Gleeft mir, ouni Euro vun den Preisen,

Do mussen d' Griichen den Blousen weisen.


No comments:

Post a Comment