Saturday, October 29, 2011

Keng Steier sot de Bayer

Nee, dat ass keen Peckvillchen! Dat ass een Untert.
Photo E.Thein

No der drëtter däitscher Invasioun,
Ech schwätzen vun der Wiertschaftsunioun,
Koumen dës Kéier keng Uhlaner,
Mee duerfir koumen all déi Aner.

Séi koumen all mat den Täschen voll.
"Gruess Gott" soten Séi op eisem Zoll.
Mir hunn Séi all schéin eragelooss.
Op Lëtzebuerg ass jo nach Verlooss.

Den Helmut an den Heinz am Loden,
Ginn gutt bei HSBC beroden,
Vun Fraeulein am Dirndl wéi doheem.
Banking zu Lëtzebuerg ass bequem.

Do war bestëmmt ee Gielemännchen,
Ganz schäinhelleg an eisem Ländchen.
E mécht sech Kopien vun der Lëscht,
Déi d' Steieramt sech fir Suen fëscht.

An Däitschland wëssen Séi lo genau,
dank dem PBKLAVV, (1)
Wien wéivill Daler bei Eis verstoppt,
An sech domat seng Renditen doppt.

Den Helmut an den Heinz am Loden,
Fillen sech sou richteg verroden.
Se'i hiewen direkt hir Suen op,
An hell ewech geet et iwwer d' Kopp.

Verstoppt ass d' Geld am Lodemantel,
An der Kap, der Mutz an am Streimel,
Am Busentuch, der Mof am Dirndl,
an der Liederbox an am Këndel.

Mee den Zoll huet op Séi gelauert,
Do iwwer ass keen dien Séi bedauert.
De Juncker roost, "an elo ass Schluss!
Vun mir kritt d' Merkels nie méi ee Kuss."

(1)PBKLAVV: Privatbankkundenlistenankaufsstellenverwaltungsvorsteher

No comments:

Post a Comment