Sunday, November 20, 2011

Den Andy gouf gespaart!










Ass dat do ee Peloton Péckvillercher? Nee dat sinn Pelikanen. Photo ET.



Den Andy ass mat honnert duerch Hesper gewutscht,

An iwwerhëlt do d' Police flang an hirer Kutsch!

Du sot den Superjhemp, "dat do war lo fir d' lescht!

Lo kritt dien do'n ee gudden fatzegen opgepecht."


Refrain:

Op d' Weis vum Tra Giro Lala

Op d' Weis vum Tra Giro Lala

Op d' Weis vum Tra Giri Giro Lalala.


Den Andy um Geriicht mat sengem Affekot,

Dien sot hien hätt gesot, léiwer géing näischt gesot.

De Riichter lauschtert no, an verzitt guer keng Minn.

Dien hat nach nie ee Schleek dien esou rennt gesinn!


Refrain


De Riichter sot: "mäi Jong, dat Gerenns geet lo duer!

Fir déi nächst sechs Méint war' s De lo fir d' lescht gefuer."

"Här Riichter, keen Führerschäin, sot Dir dat am Geck?

Dann fiert keen Schleck am Giro", sou sot dunn de Schleck.


Refrain


No comments:

Post a Comment