Saturday, November 12, 2011

De Bol-EURO vum Ravel







Ass dat do een Peckvillchen? Neen dat ass een Papademos.

Mosaic: Francoise-Marie Thein

An hei geet et op eng flott Versioun vum Bolero:

http://www.youtube.com/watch?v=3-4J5j74VPw


De Bol-EURO vum Ravel

Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat mussen déi Griichen sinn,

Déi déif am Euro stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt d' Akropolis och nach versteet,

Well zu Athen dann glat näischt méi geet.

A keen eenzegen Griich d' Welt versteet.

Wat eng Affaire!

Mir sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat mussen d' Italiener sinn,

Déi an der Pasta stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt de Kolosseum nach versteet,

Well an deem Roum dann glat näischt méi geet.

A keen Italiener d' Welt méi versteet.

Wat eng Affaire!

Se sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat mussen d' Portugisen sinn,

Déi déif am Porto stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt Lissabon och nach versteet,

Well an deem Land dann glat näischt méi geet.

A keen een Portugis d' Welt méi versteet.

Wat eng Affaire!

Se sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat missten d' Irlänner sinn,

Déi déif am Guiness stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Mir mussen hinnen ginn,

Soss gëtt de Leprechaun nach versteet,

Well an deem Land dann glat näischt méi geet.

A keen een Irlänner d' Welt méi versteet.

Wat eng Affaire!

Se sinn all Milliardär.


Oooh!

Wat ass dann elo schonn erëm do?

Dat kënnen just mir nach sinn,

Déi déif am Bulli stinn,

An keen Auswee gesinn!

Oooh!

Keen kann méi eis epps ginn,

Lo gëtt d' Cargolux och nach versteet,

Well hei am Land dann glat näischt méi geet.

A keen Lëtzebuerger d' Welt versteet.

Wat eng Affaire!

Mir sinn all Milliardär.


Euro, Krack, Bumm

Euro, Krack, Bumm

Lëtzebuerg am Jumm

No comments:

Post a Comment