Saturday, November 26, 2011

Déi Ligen hei ass nit richteg gelunn. Mee gleeft kee Wuert!











T’ gouf gelunn, et war schwaarz an der Luucht.



Den Hunn huet dem Hingerdéif gepëspert:

"Dien Ligener do, ass dat net den Yahoo?"

Eng Fro wéi déi do, déi brauch keng Äntwert.

Eng Fro als Ligen, dat wär dach den Clou!


De Kauz vun Münchhausen seet "dach dat geet,

Eng Ligen als Fro, dat léisst sech maachen!"

De G20 sinn der Nonzéng wann ee freet,

Déi Nonzéng léien dat d' Schwaarten kraachen.


D' Kluck belitt den Hunn an d' Kréi déi klaut,

De Kueb gëtt beschass vum Kapp op d' Fiescht.

De Guckuck am friemen Nascht huet gejaut:

"Halt op, soss mengt een Ech wär et gewiescht!"


D' Schmuebelen danzen mat der Wouerecht erëm,

Den Dëstelfink seet hien wär eng Graasméck,

De Spiecht zielt seng Spiichten, an nach méi schlëmm,

Den Poufank brécht dem Wanter säint Genéck.


Een alt Spréchwuert seet, Ligen hunn kuerz Been.

Duerfir hunn eis Ligener héich Talleken.

Domat krazen se d' Mëscht auserneen,

A kréien mat engem Schlag sechs Mécken.


Den Untert, d' Dauf, Kueb, Kréi an Markollef,

Léien wéi am Concours vun Trois Rivières (1)

Engem Fiisschen gleeft just nach de Wollef,

Dien, dien d' Wourecht seet geséich Ech gär.


D' Ëchel sot, "dat gouf et, an zwar eemol.

Dat war de Schéifer Misch vun Aasselbur.

Zënterhier léien se de Kapp vum Nol.

Wann keen epps seet, gëtt sou weider gefuer."


D' Spatzen päifen et vum Dach: t' gëtt gelunn,

T' gëtt schwaarz an der Luucht wéi eng schwaarz Märel,

Als Ligener muss ee gudden Verhalt hunn.

Mir hunn duerfir den giedlechen Kärel.


(1) Den Péckvillchen huet et gemellt:

http://peckvillchen.blogspot.com/2011/06/huet-troisvierges-der-wierklech-drai.html


No comments:

Post a Comment