Sunday, December 22, 2013

Sukuk






































Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass eng Kluck déi su kuckt héich 
uewen vum Juck. Photo ET

Sukuk

An der Verwaltung kucken se Dech wéi Klucken.
"Jo jo, dat misst een gesinn, dat misst een kucken".
Dat äntweren se héich uewen vun den Jucken.
An dann traut keen sech méi fir sech nach ze mucksen.

Mam neien Wand gouf aus dem Kucken een Produkt,
Keng Käpp mat Neel, mee eng Zort Kuch déi heescht Sukuk,
Mat reliéisen Zich, mee kéng Nonnefaschten,
Ech frot d' Lea Linster wat esou epps géing kaschten.

Also, fir unzefänken verroden Ech hei,
Dem Lea säint Rezept, an dat ass fonkelnei:
Schéckt Ären beschten Chamelier an den Bazar,
Dattelen an Safran kafen fir een Dinar.

Dat Ganzt fein gemuel mat Sesam an Thymian,
Klaken mer dann  mat enger Dosen Eeër an d' Pan.
Voilà, een islameschen Eeërkuch, een Sukuk!
Wéi bei eis den Nonnefascht, mee dien hei ass am Souk.

Dir kënnt een Sukuk och an e puer klenger deelen,
Déi heeschen Sukichelcher, déi sinn z' empfehlen.
Sukuk verkeeft een dann fir dien duebelen Präis,
A moins, den Imam hätt se all selwer giess.

Am léifsten hunn Ech een Sukuk liicht ugebrannt,
Duerfir kritt d' Lea een neien Stär unerkannt.
Dann kommen déi dräi Weiser aus dem Muergen Land,
Fir ze kucken, fir ze schmaachen, mat der Cargolux geland.


Tuesday, December 17, 2013

De Juncker huet eng Féck-Mille-chen





















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, zwee mol dräi an enger Rei ass 
eng Féckmillchen. Photo: Archiv Péckvillchen.

De Juncker huet eng Féck-Mille-chen

An der leschter Bänk sëtzt nit dien jéngsten Juncker,
Hien beschwéiert sech am Oppositiouns Bunker.
Hien hat elo grad säin neien Job probéiert.
Mee hien huet jo nëmmen fir Premier geléiert!

Hien grommelt iwwert dien neien do, den Bettel,
A granzt, "bei den Walen krut dien mol keen Drëttel.
An seng Ried! Wat dien mat Aarmut ëm sech gehäit,
Dat huet dien alles vun mengem Programm geknäipt."

Den Huissier huet Biekerecher Waasser geschott.   
"Waasser!" sot en. "Et geet sou lues duer hei mam Spott".
Hien sëtzt hannen bei der Heizung, wéi d' Méck um Krunn.
Op dëser Mëscht war hien dach nach ëmmer den Hunn!

T' sot alt een "Moien Misch, bass Du och elo hei!"
Ma wat eng Frechheet, t' ass awer nit an der Rei.
A wann se dann mengen, dien do ass bal um Enn,
Dann trëpplen s'op een, wéi beim Hennes op der Genn.

Da kënnt och nach een mat "Die Sache mit der Uhr".
"Kemmer, këmmer Dech em näischt, et geet elo duer.
Dien hei ass een fräie Mann, egal wat, wou, wéi,
Ëmmer drun, mee dat hei! Dat packen Ech nit méi".

Mengt awer elo keen, dien do hëlt seng Pensioun,
Hien geet éischter nach an d' Bréisseler Kommissioun.
Et stinn him nach aner Lächer op, wéi den Europarot.
"Mee vergiesst d' Europaparlament" huet hien gesot.

Hien sot dem Spiegel, "schreift d' Leit hätten all gesot,
De Juncker kann nit Nee soen, wann Dir hien frot."
Dann geet hien op Europa, t' ass schonn verhandelt.
An den Spiegel schreift, t' war "gefickt eingeschaedelt !"

Mir verstinn elo säint Europäescht Spillchen,
Egal wien, wou, wéi, Bréissel ass eng Féck-Mille-chen.
Als leschten Kommunist fiert hien dann op Bréissel,
En päift duerch d' Loft, mam Hummer an mat der Séissel.



Friday, December 6, 2013

De Bettel beim bloen Beemchen


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma gewëss. Dien hält sech do eraus. 
Dat ass den 00-1000, maskéiert. 
Dien huet elo just een bloen Beemchen placéiert. Photo ET

De Bettel beim bloen Beemchen

De Péckvillchen googelt op alles nach do steet,
A wéi et der Trösterin der Betrübten geet.
Do koumen jo nit Biller drop vum NSA,
Déi haten sech verschalt, wat sinn dat emol Kéi!

Ech hunn dunn gezoomt fir d'Kamera ze fannen,
Ah, do steet se, déi fënnt jo awer ee Blannen.
T' ass een bloen Beemchen am Juncker senger Haascht,
Dat war den SREL, well den NSA ass iwwerlaascht.

Lo ass alles transparent, googelt vunn doheem,
Dem Becca säin Stadium, an dem Finck seng Dreem,
D' Cargolux, d' Luxair, an eis nei Frënn aus China,
De Péckvillchen schreift mat, an Alexandriner.







Saturday, November 30, 2013

Cargolux: Car Gho Lux, t' ass Tsuan Tseg op Tsing




















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat ass een CGO dien 
een CV fëmmt. Photo ET 


Car Gho Lux, t' ass Tsuan Tseg op Tsing

Aus dem Chineseschen iwwersat vum ET

Do, Lo hat Ech just Pu Lee mat Hong op der Tsong,
An Ng Em Ki Len Tsing Tao Fir Meng Dre Chen Long.
Do Kuk Ken Ech Yo am Ka Bang No der Tsei Tung,
D' Nu Wel Len Fun der Khoa Li Tsiouns Si Tsung.

Se Son Am Fong CV Géing Lan Den Tsu Tseng Su. (1)
Keen Stong Shla Ng, Mer Hun Mu Sen Han De Len Am Nu.
Den Ma Yi An Den Song Hun CV An Der Tsaang.
Mae Léi Wen Yong, Ou Ni Déi Si Chen Mer Nach Laang.

Nee, Déi Mel Dung An Der Tsei Tung ass Keng Fel Shung.
Tsei Hen Son De'i An der Fes Tung Ha Len d' Shtel Lung.
Ou Ni Sang An Klang, Lo Sen Se CV Am Plang,
Fum Fin Del Bis Op Hong Kong Tsielt Dien Le Shten Frang.

Tseng Su (1) ass Ng Kleng Ge Meng, t' Läit Dem Man Han Nen.
Bong, Mae Léi Wen Yong, Wat Man Mer Dan Tsu Henan?
Git Tsou Gank Un d' Pleng, Mer Shtin Nit Op Der Lei Tung!
Am Fong Meng En Ech et Géif Ng An Er Léi Sung.

Ech Gin Nit Mit Fuk Kuk Ken An Al Ti Rang,
Mer Fan Nen eng Léi Sung Son Den Jeng An Den Jang.
Shéin Shne'i Shong, Pal Tong An op der Hei Tsung d' Hen Shen,
Tsu Tseng, Tsuan Tseg drecken Mer d' Klen Shen.

Mae Keen Kukt, All Seu Tsen op Den Shtill An Tom Pen.
Den Ufank Fum Enn, Bei CV Sten Ken d' Lom Pen.
Hun Déi Fun Tu Ten An Blo Sen Dan Keng Ah Nung!
Meng Er Mae Nung No war Dat Do Keng Lee Shtung.

Lo Tsielt d' Joer Fun der Shlaang an de Renminbi,
Mer Lue Den Made in China an nach Klim Bim Bi.
An Am Fong, Frot Dir No Al Len Säi-äi-Ten hin
Lau Shtert Beim Gong, dan Wël Len mer Chinesen gin.

 (1) Zhengzhou op Héich Chinesisch




Friday, November 15, 2013

De Mischi kritt eng op den Popo


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een ASCHgeier. Photo ET.

De Mischi kritt eng op den Popo

De Pressekonferenzen Mischi hat am Héijen Haus,
Een Fuerz queesch sëtzen, dien krut en nit eraus.
Hien goung dunn poulriicht op den Justin Turpel duer,
An do ass him jo nit eent ellent Wuert entfuer.

Den Péckvillchen hätt dat nie iwwer t’ Lëpsen krut,
Well een Péckvillchen jo bekanntlech een Schniewel huet.
Dir fannt dat Wuert verstoppt an aneren Wierder,
Hei an der Geschicht, mee kaum an den Chambers Blieder.

Et war en dASCHdeg, an et war kal wéi am Wanter,
Den Mischi stoung do mat senger ASCHlanter.
An zielt hien senger Oppositioun eng nei Spiicht,
Huet en knASCHteg gelaacht, an seng Strass huet geliicht.

All déi nei Deputéierten waren zu GaASCHt,
A waren frou wéi den BaASCHtgen an der HaASCHt.
Well herno geet et op de kASCHt, t’ gëtt nit gefaASCHt,
T’ gëtt pASCHtéiterchen an souguer een NonnefASCHt.

Do koum eisen nationalen LaASCHt nit derlaASCHt,
An huet sech bis bei den Justin Turpel getaASCHt.
“ Ah bass Du pASCHtouer och lo hei!“ sot hien dunn,
Well hien hätt gär dien Neien duerch den Kaka gezunn.

Dat huet geSCHAalt (1) wéi wann hien een gudden brummt,
Souguer den Zarathustra, dien hätt sech geschummt.
Hien huet dat am aASCHt gesot, keng Spuer vun BlamASCH,
Géint t' Klo iwwert Haissis Spréch sot hien et war am SpaASCH. 

An der Chambre des Déculottés bléist een neien Wand,
Transparent weist hien saïn Blousen dem ganzen Land.
Mee haut sinn se schonn erëm all een Kapp an een ASCH,
Wat eng Ried! Ech sinn bal op mäin Hënneschten gefall. (2)

(1)   Dat asch natierlech phonetesch ëmgedréint.

(2)   Do konnt Ech mech bASCHten we’i Ech wollt, vun hannen no vir: 
Ech hunn gekeimt, mee mam bASCHten Wëllen, t ‘huet näischt gereimt.




Saturday, November 9, 2013

Wéi den JC gekräizegt gouf (ca. 19 Deeg no JC).


    Ass dat do den Péckvillchen? 
    Ma nee, dat ass een Kräizermecher. Photo ET


Wéi den JC gekräizegt gouf (ca. 19 Deeg no JC).

Den JC hat alles am Viraus verkënnegt,
Hien wär d' Affer Lämmchen, mee hätt nie gesëndegt.
Den ongleewegen Mischi, dien huet näischt gegleeft,
Bis dëser Deeg, wou den JC bis op Berlin leeft.

Do war d' Angela mat enger Schuer vun Engelen,
Léisst d' Bundesverdienstkräiz virun him dengelen.(1)
Als Plooschter um Bauch, heelt et kranken Éiergäiz,
Mee d' Angela neelt den JC selwer un d' Kräiz.

Et war ee grausamt Spill, t' gouf Merkel an Maus gespillt,
Et war esou em Halloween, den Biesem stoung virun der Dier.
Beim ZDF gouf hien an eng Bidden gesat.
"Hellau, hellau" sot hien, t' gouf geschwat a geschwat.

T' gouf och eent lescht Abendmahl, mat Zopp an z' iessen,
Gesolpertes, an Jägermeister nit vergiessen.
Een Thüringer, an Schweinshaxen mat Sauer Mouss,
Spätzle, Rotkohl, et ass engem erëm gestouss.

Doheem spillt den Bettel Pontius Pilatus,
Mee den JC goung zum Hellegen Franziskus.
Well et gëtt jo een groussen Präis dien feelt him nach!
An dat wär, hien wär gär direkt helleg gesprach....

Elo sëtzt hien do am Altersheim mam Sarkozy,
Mam Blair, Idi Amin spillen se Monopoly,
Et geet hinnen awer gutt, wann Dir mech frot,
Well den Krecké sëtzt och do am Verwaltungsrot.

(1)Großkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, mit Stern und Schulterband, Adler maschinengestickt, sechsspitziger Brusststern links, mit Urkunde



Thursday, November 7, 2013

Wolter, Wiseler, Wielerwëllen


Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een M-Villchen an saïn Spigelbild Dabbelju. Hien sprëtzt déi aner um Welt Weiden Waasser, WWW. Woto wum ET

Wolter, Wiseler, Wielerwëllen

Eis duebel Dabbeljuën op www.

Wolter a Wiseler vun der Wollekspartei,
Wollten wien, wat, wou, wéi wëssen um Kuck elei.
De Wolter war wëll wéi den Roude Léiw am Wopen,
An war sech Wiseler an Wielerwëllen kropen.

Wuel wollten Roudblogreng hien an d’ Wüst verweisen.
Wann hien awer wëllt den Wielerwëllen beweisen,
Wullt den Wolter an der Quadrat Wuerzel weider,
Wëll zu Woltz a Walfer war hien virum Schneider.

Wou d’ Wourecht duerech d’ Wisen zéit, woussten d’ Wieler:
Déi sinn mat Wäiwaasser gewäsch, eis Vertrieder.
Wéi wéischt Wissbeien wudderen se, wien mat wiem?
Wien Wiessel wëllt, schéckt eis zwéin Weeër an d’ Waisenheem.

Een weisen Wiseler wonnert sech widdert der Wand.
De Wolter iwwerdreiwt awer, dat weess d’ ganzt Land.
An wann de Wiseler waakreg gëtt, gëtt de Wolter wibbeleg.
Um séchere Wee gewichst, dat deet wéi, et war kniwweleg.

Well de Wiseler sot den Wolter gëtt keng Woll,
D’ Weichen weisen no lenks, wien hätt den Juncker geholl?
Een wielechen Wurschtler? Krut Dir eng mam Triichter?
Um Wee op Bréissel wénkt hien Wawaar mam Winker.