Friday, November 15, 2013

De Mischi kritt eng op den Popo


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een ASCHgeier. Photo ET.

De Mischi kritt eng op den Popo

De Pressekonferenzen Mischi hat am Héijen Haus,
Een Fuerz queesch sëtzen, dien krut en nit eraus.
Hien goung dunn poulriicht op den Justin Turpel duer,
An do ass him jo nit eent ellent Wuert entfuer.

Den Péckvillchen hätt dat nie iwwer t’ Lëpsen krut,
Well een Péckvillchen jo bekanntlech een Schniewel huet.
Dir fannt dat Wuert verstoppt an aneren Wierder,
Hei an der Geschicht, mee kaum an den Chambers Blieder.

Et war en dASCHdeg, an et war kal wéi am Wanter,
Den Mischi stoung do mat senger ASCHlanter.
An zielt hien senger Oppositioun eng nei Spiicht,
Huet en knASCHteg gelaacht, an seng Strass huet geliicht.

All déi nei Deputéierten waren zu GaASCHt,
A waren frou wéi den BaASCHtgen an der HaASCHt.
Well herno geet et op de kASCHt, t’ gëtt nit gefaASCHt,
T’ gëtt pASCHtéiterchen an souguer een NonnefASCHt.

Do koum eisen nationalen LaASCHt nit derlaASCHt,
An huet sech bis bei den Justin Turpel getaASCHt.
“ Ah bass Du pASCHtouer och lo hei!“ sot hien dunn,
Well hien hätt gär dien Neien duerch den Kaka gezunn.

Dat huet geSCHAalt (1) wéi wann hien een gudden brummt,
Souguer den Zarathustra, dien hätt sech geschummt.
Hien huet dat am aASCHt gesot, keng Spuer vun BlamASCH,
Géint t' Klo iwwert Haissis Spréch sot hien et war am SpaASCH. 

An der Chambre des Déculottés bléist een neien Wand,
Transparent weist hien saïn Blousen dem ganzen Land.
Mee haut sinn se schonn erëm all een Kapp an een ASCH,
Wat eng Ried! Ech sinn bal op mäin Hënneschten gefall. (2)

(1)   Dat asch natierlech phonetesch ëmgedréint.

(2)   Do konnt Ech mech bASCHten we’i Ech wollt, vun hannen no vir: 
Ech hunn gekeimt, mee mam bASCHten Wëllen, t ‘huet näischt gereimt.




No comments:

Post a Comment