Tuesday, December 17, 2013

De Juncker huet eng Féck-Mille-chen





















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, zwee mol dräi an enger Rei ass 
eng Féckmillchen. Photo: Archiv Péckvillchen.

De Juncker huet eng Féck-Mille-chen

An der leschter Bänk sëtzt nit dien jéngsten Juncker,
Hien beschwéiert sech am Oppositiouns Bunker.
Hien hat elo grad säin neien Job probéiert.
Mee hien huet jo nëmmen fir Premier geléiert!

Hien grommelt iwwert dien neien do, den Bettel,
A granzt, "bei den Walen krut dien mol keen Drëttel.
An seng Ried! Wat dien mat Aarmut ëm sech gehäit,
Dat huet dien alles vun mengem Programm geknäipt."

Den Huissier huet Biekerecher Waasser geschott.   
"Waasser!" sot en. "Et geet sou lues duer hei mam Spott".
Hien sëtzt hannen bei der Heizung, wéi d' Méck um Krunn.
Op dëser Mëscht war hien dach nach ëmmer den Hunn!

T' sot alt een "Moien Misch, bass Du och elo hei!"
Ma wat eng Frechheet, t' ass awer nit an der Rei.
A wann se dann mengen, dien do ass bal um Enn,
Dann trëpplen s'op een, wéi beim Hennes op der Genn.

Da kënnt och nach een mat "Die Sache mit der Uhr".
"Kemmer, këmmer Dech em näischt, et geet elo duer.
Dien hei ass een fräie Mann, egal wat, wou, wéi,
Ëmmer drun, mee dat hei! Dat packen Ech nit méi".

Mengt awer elo keen, dien do hëlt seng Pensioun,
Hien geet éischter nach an d' Bréisseler Kommissioun.
Et stinn him nach aner Lächer op, wéi den Europarot.
"Mee vergiesst d' Europaparlament" huet hien gesot.

Hien sot dem Spiegel, "schreift d' Leit hätten all gesot,
De Juncker kann nit Nee soen, wann Dir hien frot."
Dann geet hien op Europa, t' ass schonn verhandelt.
An den Spiegel schreift, t' war "gefickt eingeschaedelt !"

Mir verstinn elo säint Europäescht Spillchen,
Egal wien, wou, wéi, Bréissel ass eng Féck-Mille-chen.
Als leschten Kommunist fiert hien dann op Bréissel,
En päift duerch d' Loft, mam Hummer an mat der Séissel.



No comments:

Post a Comment