Sunday, December 22, 2013

Sukuk






































Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass eng Kluck déi su kuckt héich 
uewen vum Juck. Photo ET

Sukuk

An der Verwaltung kucken se Dech wéi Klucken.
"Jo jo, dat misst een gesinn, dat misst een kucken".
Dat äntweren se héich uewen vun den Jucken.
An dann traut keen sech méi fir sech nach ze mucksen.

Mam neien Wand gouf aus dem Kucken een Produkt,
Keng Käpp mat Neel, mee eng Zort Kuch déi heescht Sukuk,
Mat reliéisen Zich, mee kéng Nonnefaschten,
Ech frot d' Lea Linster wat esou epps géing kaschten.

Also, fir unzefänken verroden Ech hei,
Dem Lea säint Rezept, an dat ass fonkelnei:
Schéckt Ären beschten Chamelier an den Bazar,
Dattelen an Safran kafen fir een Dinar.

Dat Ganzt fein gemuel mat Sesam an Thymian,
Klaken mer dann  mat enger Dosen Eeër an d' Pan.
Voilà, een islameschen Eeërkuch, een Sukuk!
Wéi bei eis den Nonnefascht, mee dien hei ass am Souk.

Dir kënnt een Sukuk och an e puer klenger deelen,
Déi heeschen Sukichelcher, déi sinn z' empfehlen.
Sukuk verkeeft een dann fir dien duebelen Präis,
A moins, den Imam hätt se all selwer giess.

Am léifsten hunn Ech een Sukuk liicht ugebrannt,
Duerfir kritt d' Lea een neien Stär unerkannt.
Dann kommen déi dräi Weiser aus dem Muergen Land,
Fir ze kucken, fir ze schmaachen, mat der Cargolux geland.


No comments:

Post a Comment