Saturday, July 14, 2012

Nëmmen nach sechs Méint Euro !


Ass dat do een Péckvillchen? Nee, dat ass een Zentral Banquier, mat den Kandidaten fir seng Successioun. Photo: ET

"Haalt mech zréck, soss bleiwen Ech hei", huet hien gejaut.
De Juncker hat Angscht dat een him seng Plazen klaut.
"An den Yves kritt seng dann och, Ech sinn dach net blöd!"
"Ma, nee, ma, nee" sot d' Angie, "Blöd ass hei verbuet."

"Verboten, jawoll" rifft den Yves ënnert dem Zelt,
Op deem verschassenen Chantier um Eecherfeld.
Hien baut eng Luxusvilla zu Frankfurt am Main,
Uewen um Feldberg, et protestéiert keen Schwäin.

Awer hannert der Bühn schläicht heemlech den Frieden,
"Mir sinn stolz wéi déi zwéin Lëtzebuerg vertrieden.
All meng Kollegen, iwwerall an Europa,
Soen, "mir brauchen een full-time Euro-Bopa."




Monday, July 9, 2012

Den Pham Binh Minh beim Jang


   Ass dat do een Péckphillchen? Nee dat ass ee Phull vir d' Katz. 
   Photographie: ET


Den Pham Binh Minh, Ausseminister phum Vietnam,
Koum op Besuch op Lëtzebuerg bei seng al Phlam,
d' Marie Josée Jacobs and den Asselborns Jang,
Mee de Krecké, dien passt nit méi an deem säin Plang.

De Krecké war hinnen do hannen phortgelaph
Den Ho Chi Minh sot awer dat wär nit sou graph.
Esou eng Aphair géing nit phill phutti maachen,
D' Entwécklungshëlleph hëllepht fir doriwwer ze laachen.

Den Här Pham Binh Minh huet den Phindel ugephlunn,
A phort e geet op Stengephort, am Phrack an Dunn.
Minh an Jang phaaschten nit iwwer Poulet mat Hong.
Eng phantastesch Phries sot de Minh beim leschten Gong.

Jang, am Phre'ijor phueren mir am Vietnam Velo,
D' Phranzousen phun der Phriemelegioun sinn och do.
D' Pholleksrepublik pheiert déi al Indochine,
Mat all deenen déi phir bäi sinn an eis Suen ginn.

D' Marie-Josée Jacophs wollt den Minh och gesinn
Déi zwee haten schon phirdrunn mateneen ze dinn.
Hat schreipht him jo gären een aachtstellegen Scheck.
"C' est ce que Pham veut" sot d' Marie-Josée am Geck.

Phréck sot den Pham, dat do sinn awer phill Dongen,
Duephir kritt een bei eis phill Restaurantsbongen.
An wann mir eis zu Dien Bien Phu erëm gesinn,
Dann wäerten mer gutt vietnamesesch nammen ginn.



    Dat Dengen do sinn Dongen. 







Friday, July 6, 2012

Fliedermais an Eilen zu Biekerech


Ech war der Deeg zu Biekerich an hunn fount dass keen méi Biekericher schwätzt. Wéi: Ech dinn meen laangen Kaulzong un an gutt Huesen, an Ech kommen peefen doboossen virun deen Hoos. Duerfiir häscht d' Iiwerschrëft op richtigem Biekericher:

Fléintermais an Ëchelen zu Biekerech

Hei ass déi flott Invitatioun, aus dem Wort gefëscht: 
 
Fliedermais an Eilen zu Biekerech


Ass dat do eng Eil ? Ma nee, dat ass eng Ëchel! 

Saturday, June 30, 2012

Offer Domploa: Ersatzpremier


Ass dat do een Péckvillchen? Nee, dat ass eng Grouss Egrette mat 
engem Fësch am Schniewel, dien den Pelikan awer gären hätt. 
Wéi am Eurogroupe. Photo ET. Click. 


Ech hunn et gesot an Ech soen et och nach,
Dass heemlech an der Period vum Summerlach,
De Juncker an Europa onentbierlech ass,
An domat sinn mir engem halwen Premier lass.

Elo stinn mer dann do vir engem groussen Lach,
Mat engem eidlen Auder, well et sinn all Kéi gestrach.
Wat sollen mir Arem dann nëmmen do maachen?
Wien bekëmmert sech dann ëm dem Chef seng Saachen?

Wéi kréien mer elo den Léiwenger Stadion gedréint?
Oder dat de Schleck erëm geet wéi eng richteg Rakéit?
Wéi geet dat virun mam Egide senger Plainte Penale?
Aacht Joer waart Maybolli op den Tute Sall !

Fir dass déi Affairen schlussendlech virun ginn,
Muss awer direkt een Ersatz Mann heihin.
Duerfir kuckt Iech mol dës Offer Domploa hei un,
Ee Part-time job, läit Iech näischt dodrun?

Dir kritt eng uerdentlech Pei, an eng Limousine,
Eng hallef Sekretärin an wat nach muss sinn.
Mee och wann Dir een onbegrenzten Budget kritt,
Sot dann awer näischt dovun an der Tripartite.

An ausnamsweis kennt Dir och am Büro fëmmen,
Bei den Walen kritt Dir trotzdem all hir Stëmmen.
Gleeft et , dat hei ass déi beschten Offer Domploa.
An setzt Dir mol um Stull, sot Dir " L'Etat c'est Moa."

Thursday, June 21, 2012

D' Litanei vum 28. Juni


 D' Litanei gouf gekneipt aus den Essentiel: http://tinyurl.com/7jzcgou



Ass dat doten een Péckvillchen? Neen, dat ass een Litanei Sänger.  


Heescht dien Neien Moscovici?
Nee, sou sot hien selwer!

Heescht dien Neien Schäuble?
Nee, sou sot hien selwer!

Heescht dien Neien Sarkozy?
Nee, sou sot hien selwer!

Heescht dien Neien Monti?
Nee, sou sot hien selwer!

Heescht dien Neien Katainen?
Nee, sou sot hien selwer!

Heescht dien Neien Juncker?
GeNee, sou sot hien selwer!



Tuesday, June 12, 2012

D' Litanei vum 13ten Juni. Hei sinn d' Äntwerten. Wat war schonn méi d' Fro?


Een Ligener muss ee gutt Gediechtnes hunn (Schéifer Misch  vun Aasselbur)

Ass dat do een Péckvillchen? Ma neen, Dir gesitt dach, dat ass den Stadter Tram. (1) Photo Scharly, ca. 1904.

Dat der wësst, dien hei weess vun Näischt,
Och wann alles vum Heeschnapp kräischt.

Nach eng Kéier, Ech war et nit,
Et war dach hien, wéi der jo gesitt.

Jiddwereen mécht dach sou Saachen.
Kuckt 'mol wat déi aner maachen.

Ech hunn mir näischt virzewäerfen,
Dien Mätsch war ënnert den Chefen.

Den Chef huet mech dat gefrot,
Dunn hunn Ech eben jo gesot.

Ech sinn just eng éierlech Haut,
Déi gären een Stadion baut.

Mir ass den Dengen onbekannt,
Ech hunn do keng Fangren verbrannt !

Mat deeër Fro mäin léiwen Här,
Violéiert Dir de Tsoekree Bancaire.

Een Stadion an der Tsoon Waertt?
Dat wär awer eng ganz schéin Maertt!

Ech sinn schwäirosen, elo geet et duer,
Soss gëtt mat Iech op d' Geriicht gefuer!

An Ech verbidden mir dat do !
Wéi war am Fong schonn méi deng Fro?


(1) Iech kann een awer elo guer nit beléien. Selbstverständlech ass dat keen Tram, mee een wëllen Untert mat enger langer Nues.

Monday, June 4, 2012

Tsing-Tsing an der Tseitung.


















Ass dat do een Péckvillchen? Ma neen dat sinn Tswou Peking Ducks. Photo:


Frot den Här Wu Bangguo vun Beijing,
Wat halt Dir dann vun Zing-Zing, (1)
Dann seet dien Iech schonn dat ass Formosa,
T' ass den Domaine vun der Famill Mosar.

Well eis Ministren all an China sinn,
Huet sech de Laurent alt mussen hierginn,
Fir den Här vun Beijing gutt z' empfänken
An fir him och giedlech  瘤胃 ze schwenken.

D' Wort huet schéin alles rapportéiert,
De Laurent huet mam Gaascht poséiert,
Hien huet gemengt dien wär och vun Taipeh
An mat deenen hirem Fliger ënnerwee.

China Airlines sinn jo vun Formosa,
T' ass den Domaine vun de Famill Mosar.
An do gëtt d' Saach awer ee bësschen domm:
Se sinn an den falschen Fliger geklomm.

D' Wort weist eng faarweg Foto vun der Pann, (2)
Am falschen Fliger sëtzt lo eisen Mann,
Den Här Wu Bangguo ass ënnerwee,
Ouni et ze wëssen, fir op Taipeh!

(1) 10-10 oder Double Ten, National Feierdag vun Formosa (Taiwan)