Monday, June 4, 2012

Tsing-Tsing an der Tseitung.


















Ass dat do een Péckvillchen? Ma neen dat sinn Tswou Peking Ducks. Photo:


Frot den Här Wu Bangguo vun Beijing,
Wat halt Dir dann vun Zing-Zing, (1)
Dann seet dien Iech schonn dat ass Formosa,
T' ass den Domaine vun der Famill Mosar.

Well eis Ministren all an China sinn,
Huet sech de Laurent alt mussen hierginn,
Fir den Här vun Beijing gutt z' empfänken
An fir him och giedlech  瘤胃 ze schwenken.

D' Wort huet schéin alles rapportéiert,
De Laurent huet mam Gaascht poséiert,
Hien huet gemengt dien wär och vun Taipeh
An mat deenen hirem Fliger ënnerwee.

China Airlines sinn jo vun Formosa,
T' ass den Domaine vun de Famill Mosar.
An do gëtt d' Saach awer ee bësschen domm:
Se sinn an den falschen Fliger geklomm.

D' Wort weist eng faarweg Foto vun der Pann, (2)
Am falschen Fliger sëtzt lo eisen Mann,
Den Här Wu Bangguo ass ënnerwee,
Ouni et ze wëssen, fir op Taipeh!

(1) 10-10 oder Double Ten, National Feierdag vun Formosa (Taiwan)

No comments:

Post a Comment