Saturday, June 30, 2012

Offer Domploa: Ersatzpremier


Ass dat do een Péckvillchen? Nee, dat ass eng Grouss Egrette mat 
engem Fësch am Schniewel, dien den Pelikan awer gären hätt. 
Wéi am Eurogroupe. Photo ET. Click. 


Ech hunn et gesot an Ech soen et och nach,
Dass heemlech an der Period vum Summerlach,
De Juncker an Europa onentbierlech ass,
An domat sinn mir engem halwen Premier lass.

Elo stinn mer dann do vir engem groussen Lach,
Mat engem eidlen Auder, well et sinn all Kéi gestrach.
Wat sollen mir Arem dann nëmmen do maachen?
Wien bekëmmert sech dann ëm dem Chef seng Saachen?

Wéi kréien mer elo den Léiwenger Stadion gedréint?
Oder dat de Schleck erëm geet wéi eng richteg Rakéit?
Wéi geet dat virun mam Egide senger Plainte Penale?
Aacht Joer waart Maybolli op den Tute Sall !

Fir dass déi Affairen schlussendlech virun ginn,
Muss awer direkt een Ersatz Mann heihin.
Duerfir kuckt Iech mol dës Offer Domploa hei un,
Ee Part-time job, läit Iech näischt dodrun?

Dir kritt eng uerdentlech Pei, an eng Limousine,
Eng hallef Sekretärin an wat nach muss sinn.
Mee och wann Dir een onbegrenzten Budget kritt,
Sot dann awer näischt dovun an der Tripartite.

An ausnamsweis kennt Dir och am Büro fëmmen,
Bei den Walen kritt Dir trotzdem all hir Stëmmen.
Gleeft et , dat hei ass déi beschten Offer Domploa.
An setzt Dir mol um Stull, sot Dir " L'Etat c'est Moa."

No comments:

Post a Comment