Tuesday, June 12, 2012

D' Litanei vum 13ten Juni. Hei sinn d' Äntwerten. Wat war schonn méi d' Fro?


Een Ligener muss ee gutt Gediechtnes hunn (Schéifer Misch  vun Aasselbur)

Ass dat do een Péckvillchen? Ma neen, Dir gesitt dach, dat ass den Stadter Tram. (1) Photo Scharly, ca. 1904.

Dat der wësst, dien hei weess vun Näischt,
Och wann alles vum Heeschnapp kräischt.

Nach eng Kéier, Ech war et nit,
Et war dach hien, wéi der jo gesitt.

Jiddwereen mécht dach sou Saachen.
Kuckt 'mol wat déi aner maachen.

Ech hunn mir näischt virzewäerfen,
Dien Mätsch war ënnert den Chefen.

Den Chef huet mech dat gefrot,
Dunn hunn Ech eben jo gesot.

Ech sinn just eng éierlech Haut,
Déi gären een Stadion baut.

Mir ass den Dengen onbekannt,
Ech hunn do keng Fangren verbrannt !

Mat deeër Fro mäin léiwen Här,
Violéiert Dir de Tsoekree Bancaire.

Een Stadion an der Tsoon Waertt?
Dat wär awer eng ganz schéin Maertt!

Ech sinn schwäirosen, elo geet et duer,
Soss gëtt mat Iech op d' Geriicht gefuer!

An Ech verbidden mir dat do !
Wéi war am Fong schonn méi deng Fro?


(1) Iech kann een awer elo guer nit beléien. Selbstverständlech ass dat keen Tram, mee een wëllen Untert mat enger langer Nues.

No comments:

Post a Comment