Sunday, January 2, 2011

Estland, rembourséiert Kyoto.


Am Uewen potert d' Feier

D' Stroossen sinn spi-i-ggelglaat.

Schnéi an Eis bloufen leien,

Well guer keen méi Streesalz hat.


D' Regierung seet "Gudden Rutsch",

Séi hunn all Summerpneuen,

An ass mol d' Toyota futsch,

Wien soll dat dann bezuelen?


Well Dier erënnert Iech all:

Mir man d' ganz Welt sou waarem,

Dat huet kascht an dësem Fall,

Milliounen, t' mécht eis arem.


Estland wou keng Schminnie dämpt,

Verkeeft d' Recht ze verknaschten,

Déi hunn eis dobäi schéin gekämmt,

Kyoto deet een baschten!


Drësseg Milliounen Euro,

kascht dien Spaass um Pabeier.

T' ganzt Land rifft Bravo, Bravo!

Fir d' Ëmwelt ass näischt ze deier.


T' huet gewierkt, t' gouf schrecklech kal,

Eisen Planet ass gerett.

Estland, dat ass genial,

Rembourséiert, lo an zwar nett!


D' Neit Joer geet et erëm wéi fréier

Mat hëtzen gëtt guer nët gespuert.

Dann rutscht een nët sou séier,

Wann Dir mat glaten Pneuen fuert.

Wednesday, November 17, 2010

D' Ballade vun den Sechzeg Zéiwen.


Zwéin Ministeren, eng Ministerin

Soten, d' Lëtzebuerger hunn ze vill Speck.

A vläicht missten mir dann emol gesinn:

T' géing duer all Joer mat just engem Steak,

An engem gudden Dëppchen Kuddelfleck!

An wann Dir mengt dat wier eng Topegkeet,

Dann lauschtert gudd, dat heescht Nohaltegkeet.

Eisen Footprint dien bräicht sechs Planeten!

Mir jicken, baffen voll Gléckséilegkeet,

Mir klaken einfach ze vill Moneten.


Séi soten dat do muss sech elo ginn!

Déi sechs Planeten dat ass kee Geck.

Well mir dann mat zwielef Been do drop stinn.

T' mécht sechzeg Zéiwen a zwielef Féiss. Freck!

Ech kafen dem Gilly säin Schongbuttek!

Sechzeg Zéiwen, dat ass kéng Klengegkeet.

Et ass wichteg dass jiddereen versteet:

Et gëtt Zäit emol sérieux ze faaschten,

Ier d' ganz Welt nach op eemol ënnergeet,

Oder mir vum Grenghausgas nach baschten.


Mir no ass dat ganzt eng Ieselzegkeet,

Mat zwielef Been, e päift a fort et geet!

Mir géingen d' Spuenier am Fussball biischten,

Medailen wannen wou et nëmmen geet!

De Schleck um Vëlo géing wéi eng Rakéit.

Jiddereen kéim am Schrëtt wéi sechs Zaldoten.


Sunday, November 14, 2010

D’ Gëlle Fra gouf entfouert!


Iwwersaat aus dem Chinesischen vum Egide Thein.


"Ech sot Iech Yo, Shanghai gëtt ee Sük- Sä!

Eng Mill Joun Loetz Tse Buerger Wa-ren do.

An ee Puer Ja Louser, et waren op d’ mannst dräi,

Gou Fen meng Ngem Feind, dem Präis den éischten Pläis."


"Mae Tsing Mill Joun-Nen Shin-Nee-Sen Kou-Men Mech Kuk-ken

Ech sot Hin- Nen "Wëll–Kom Tsu Loetz Tse Buerg!"

Dann hunn se ugefaang Tse Ba Luk Ken."

« Mir Kom Men all, maach dir do guer keng Suerg."


Ech war ee Star, Kameraen hunn geblëtzt,

Journalisten an Typen vun Hollywood,

Déi all Gou Fen op mech gehetzt:

Vick To Rias Tsii Krit an Clint Yist Wutt.


"Wëll Komm!" jäitzt op eemol ee wëlle Monn,

"Dien Hai deelt nit Hal-Lef an Hal-Lef

D' Gëlle Fra ass meng, Hai ass meng Stonn!"

"Ma sot deem Ochs Ech wär keen Gëlle Kallef!"


"Hëllef! O Mamm Ech weess et nit Tse Soon

Wou Sei mech dann elo rëm dinn!"

"Hänts App! Gëlle Fra" Jäitzt de wëlle Monn,

"Du Bass Lo Mein, Du muss dech Er-Ginn."


"Ech fäerten, wat huet dien Wëllen alles Wëlles?

Hien huet mech an eng Plastiks Scheier geschleeft.

Kaum aus der Këscht eraus, koum die Bëlles.

Et Ass Keen Shin Nees, sot mir wat Hai Leeft ?"


"Méint laang Wor Ech Golden Lady Tsu Shanghai

Tsing Mill Joun Nen Shin Nee Sen hu mech Be Kukt

Dun So Ten Se Fun Hai Geng Ech op Sheng Ngen.

Tse Sum Men Mam Ge Bai dat Sou Ba Lukt!"


"No Men Ngem Sük Sä ass dëst Eng Blamm Aasch.

Aus der Këscht Kom Men Ech An Eng Shai Er

An Wéi et Shengt Ass dat Tsu Basch Shar Aasch

All dat Do Ten Klengt mir Nit Ge Hai Er."


"Ning Dau Send Kom Men Kuk Ken," sot de Bretzaasch.

"Sou Vill Pass Sen Yo Nit an Seng Shai er

Tsu Shang Hai hat Ech Nach Vill Méi Pass-Aasch

Sii Wen Mill Jou Nen steet Um Pa Bai Er."


Eis Gëlle Fra Ass Keng Lady Gaga,

Séi huet ee Plang fir de Wëlle Monn:

Et Ass Jhoust den Wu-Fank Vun der Saga,

De Wëll Le Monn Ass nach Laang Nit Ge-Wonn!


"Den Ee-Jit hat Mein Numm falsch Iwwer Sat.

D’ Plak Kat sot “Boe Sicht mech Tsu Loetz Tse Buerg"

Dat huet sech iwwer All erëm Ge-Shwaat.

Ge Nau Dat Gëtt dem Wëlle Monn Seng Suerg!"


Ning Mill Jou Nen Shin Nee Sen Sin Shon ënnerwee.

Se Stin Shlaang fir ee Visa Tsu Sheng Ngen.

"Déi Tséi-Hen mech dann Hai raus aus Dem Hee,

De wëllen Monn kënnt An d’ Këscht fir Shanghai."


Wednesday, May 5, 2010

D' Ballade vun de Fënnef Fangeren.

Oder: Den décken Daum um Index.

Aus dem Franséischen iwwersat vum E.T.

De klengen Fanger sot: "Voilà, eng Rezessioun!
Mengt net een Auriculaire wär do frustréiert!
Pas du tout, an Ech ginn Iech hei eng kleng Lektioun,
Wéi een esou eng Mésaventure kuréiert.
Mat ganz vill doigté gëtt elo hei manövréiert,
D' Discussiounen ginn ganz einfach pasteuriséiert.
Fini de cache-cache dien eis paralyséiert:
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!"

"D' Fangeren ewech vum Index, guer keng Concessioun!"
Soten d' Syndicat'ën, déi ganz ongenéiert
Menacéiert hunn mat enger Demonstratioun,
Frech de Mëttelfanger exhibitionnéiert,
An mat deem béisen Fanger d' ganzt Land beléiert.
An well d' Patronat jo och kee Fanger réiert,
Sinn d' Forces vives de la Nation ganz bouleverséiert.
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!

An leschter Minutt fënnt sech eng Solutioun:
De Juncker kënnt spéit heem an offeréiert
Eng Issue surprise, déi kascht kee Spoun!
Aus dem Arem gerëselt huet hien proposéiert:
Den freien Transport fir all gëtt garantéiert.
D' Griichen hätten dien Projet subventionéiert.
Mir hunn alt erëm fir näischt demonstréiert!
Den décken Daum um Index gëtt suppriméiert!

Den Annulaire houscht lues an ganz distinguéiert,
"Keng nei taxe gëtt op mengem bijou levéiert?
Dat hätt mech och terriblement dérangéiert!"
Daum an Index sinn béid exkommunizéiert!

Thursday, April 15, 2010

Sunday, April 11, 2010

D' Gëlle Fra Schéckt Schéin Gréiss vun Shanghai

D' Gëlle Fla Schéckt Schéin Gléiss vun Shanghai

Aus dem Lëtzebuergeschen op Chinesesch iwwersat vum E.T.



O Mam, O Mam dat do war eng laang Rees,
Dat Éischt wat Ech héieren war een Chinees.
"Ni Hau Tsu Shanghai!" Nee wanns De nit gees,
Komm heihin mäi Jong, Ech ginn Dir eng Bees.

Also Tse Tsielen hunn Ech eng ganz Mass,
Déi Flansousen haten schonn eppes lass,
Esou eng Kur kann Ech Nëm-Men roden,
Dir sidd nei vum Kapp bis op d' Broden.

Hei an do esou ee klenge Lifting,
Meng déck Zéiw krut een neien Casting,
An dunn gouf Ech iwwelall masséiert,
De ganzen Kierper mat Gold couvréiert.

Vun do un war et mir nit een Dunn,
Glat näischt wat Ech hei soen ass gelunn.
Séi hunn mech flang op de Réck geluecht
An dunn hunn séi ganz déck Ficellen bruecht.

Ech hu geruff "Wëllem op Dengem Päerd,
Komm schnell an hëllef, well Deng Frächen fäert!"
Do schleefen séi eng Këscht erbäi zu drëtt,
Do steet drop: "Dir nennt et, mir Mécken et." (1)

O Wëllem, dat do huet mir nach gefeelt,
Déi dräi hunn mech an d' Hol-Tsen Këscht geneelt.
Do gung d' Liicht aus bis op Shanghai,
An lo stinn Ech hei mam Réck Tsum Gebai.

D' Gebai ass eng raschteg Kapell mat engem Bockel,
Virdrun stinn Ech op deem klenge Sockel .
Keen sou en Stol-Tse Sockel wéi doheem,
An als Kapell ass d' Kathedral méi bequem.

Mengt awer nit Ech wëllt mech bekloen,
Am Contraire, Ech héieren d' Leit hei soen,
Ech wär dat Flottst hei vun der Ausstellung,
Sou sot een an der lokaler Tsei-Tung.

Ech sinn do ganz deem selwechten Avis,
D' Dänin ass hallef Ham, hallef Sushi,
Voll Sprenzen wéi meng Nopesch d' Melusina,
Sou eppes schéckt een dach nit a China.

D' Flansousen schéngt et, schécken d' Marianne,
D' gutt Meedchen mécht alt wat et kann.
An haalt Iech un, d' Belsch de Mao-Ne-Ken Pis,
Da kënnt d' Héichwaasser bis bei mech op d' Wiss.

A, jo, do war et ee Moment penibel,
D' Chineesen sinn bekanntlech sensibel.
Et koum een dien huet mech richteg verhéiert,
Et huet epps mam Korea Krich gestéiert.

Et gouf nach ni ee Lëtzebuerger Diplomat ,
Dien esou ee Problem Tse léisen hat.
Ech sot "mir waren op der richteger Säit."
"A, mat eis" hunn d' Chineesen sech gefreet.

Soss hunn Ech mech alt schonn gutt agelieft,
De chineseschen Accent ass eppes wat klieft.
Fäert awer nit Ech géing verlaangelen,
Ech gesinn jo dien een oder anlen.

Ewell déi Iddi vum Stong geet an d' Lei,
Mir haten jo glad ee Visiteur hei,
D' lescht Woch koum de Jang zesummen mam Yang,
D' Lees bis op Shanghai kascht och Iech kee Flang.

(1) Frei op Chinesesch iwwersat vum Cargolux Engleschen "You name it, we fly it".