Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee,
dat ass een Kommissar an senger Residenz.
Photo Zwitscher Joffer
|
Doch, doch der Juncker ist geplündert!
„ Nein, nein Jang, man sagt
der Bengel HAT geplündert,“
Sou huet d‘ Anne Will den
Asselborn verbessert.
„Freck, und auf der Cap, da
hat der sich nicht abgemelld!
Der kriegte zum Plündern einen
dicken Koup Geld!“
T ‘schéngt hien wunnt elo am siwen
Stären Hotel,
Fir déi Räich an Schéin am Bréisseler
Sofitel.
D’ Joffer beim Juncker zwitschert
t‘ wär eng Residenz,
An bei Leiwen keng Spillplaz
fir liddereg Pänz.
Seng Suite Présidentielle ass
sou grouss wéi eist Land,
Den DSK huet alt do e puer
Nuechten verbrannt.
Een Butler liest Iech all
Wonsch vun der Fläsch,
A suergt fir d‘ Iessen an déi knaschteg
Wäsch.
Op der Terrass ass een ganz exquisiten
Gaart,
Virun der Dir eng Bentley wou
een Chauffer waart.
Den Pompier de Garde bréngt steierfräi
Zigaretten,
An wat illuster Gäscht soss
nach gären hätten.
D‘ Residenz kënnt mat Wellness
an enger Sauna,
Déi bréngen een zréck aus deem
déifsten Koma.
Een exklusiven Chef kacht Carbonnades
Flamandes,
Mat den beschten Fritten vun déi
Säit vun Bande.
Den Xav sot, "et soll keen
kloen, deem sinn mer gutt lass,
Hien huet schonn ëmmer
gedreemt hien wär am Schlass."
Den Hotel Lobby ass voller
Lobbyisten,
Nach vill méi wéi zu Lëtzebuerg
d‘ Vëlos Pisten.
Mir Lëtzebuerger freeën eis
iwwert säint villt Geld,
Hien kritt nach eng Prime de
séjour an der friemer Welt!
Et sinn jo nit eis Suen, mee
déi vun den Griichen,
An domat kennen mer egal wat
fir eng stiichten.
Vläicht d‘ Residenz bezuelen,
well dat een Hotel ass?
Den ganzen Rescht kennt op ee
Koup bei der Sparkass,
Déi dann och onerhéiert deck Profitter
mécht,
Déi den Gramegna als Dividend
an saïn Budget stécht.
No comments:
Post a Comment