Fënnef Regelen fir dem Juncker Moien ze soen
T’ muss een fäerten fir ’m
Juncker Moien ze soen!
Ass et Ethylismus oder
Testosterone?
Op allen Fall, déi Biller
maachen schéin hir Ronn.
Dir wësst jo den Péckvillchen
ass fir Witz a Spott,
Mee fir den Juncker ze këssen ass
en awer glott!
Déi meescht Leit fäerten fir
him ze no ze kommen,
Glatz an décken Bauch loossen
sech all verdommen.
Wéi eng Géigenmesuren kann een
do maachen,
Fir dass d’ Leit emol iwwer HIEN
kënnen laachen?
De Péckvillchen gesäit do eng fënnef
Pisten,
Géint de Juncker an déi aner
Terroristen.
Hutt Dir een decken Bauch oder
eng plakeg Kopp?
D’ Chancen sinn den Juncker kësst
Iech do drop!
An sidd Dir den Jang, oder an
Ungarn kamëss,
Dann schléit den Juncker Iech
och nach eng an d’ Schnëss.
Wann Dir awer gären hätt hien kéim
Iech nit ze no,
Gréisst en, d’ Zigarett am Bak,
den Patt um Platto.
Dann fäert en, hien géing sech
beim Këssen verbrennen,
An schlëmmer nach, t’ géing
een den Patt em rënnen.
Dem Spaghetti Monster saïn
Helm, beschützt d’ Plakäpp,
An den Hollande wiert sech mat
der Mausfal am Réck.
Et ginn der déi wieren sech
als Spatzeg Nenn,
Mee den Orban gräift nom Sak, an
den Spaass ass um Enn.
Fir d’ Présidence brauch een
een neien Protokoll,
Amplaz Moien ze soen gëtt einfach
een geholl.
An dann sangen se all wéi een Kadettchen:
“Kättchen, Kättchen bréng dem Juncker nach ee Pättchen!”
“Kättchen, Kättchen bréng dem Juncker nach ee Pättchen!”
No comments:
Post a Comment