Sinn dat do Péckvillercher?
Ma
nee, dat ass eng Flüchtlingswell.
Photo GovLu
|
Lëtzebuerg an seng Flüchtlingswell
Mir hunn an der Zäit eis eegen
Leit verdriwwen,
Bliwwen sinn Auslänner, dat
ass schéin duerchdriwwen.
Déi Flüchtlingswell goung
entweder op Körperich,
Oder déi aner Säit bis hanner
Sterpenich.
Sou entkoumen Dausenden den Propriétairen,
An den héijen Loyeren als
Locatairen.
Se hunn gebaut vun Alenuewen
bis op Diddebuerg,
Souguer den Paschler
Buergermeeschter ass vun Lëtzebuerg.
Den Xav sot: “Ech well nit
Prömmjee vun engem Land sinn,
Wou d’ nächst Flüchtlingswellen
nit preparéiert ginn.“
Am Ausland sangen der: “Wéi
hunn Ech d’ Hierz sou wéi,”
All hätten se erëm gär hiren Daach vun Stréi!
All Kéier wann d’ Regierung
dat Lidd do héiert,
Dann kräischen se all, dat wär
jo onerhéiert!
D’ nächst Flüchtlingswell kënnt
bestëmmt, do ass keen Zweifel,
Mee dës kënnt vun hanner Arel
an aus der Eifel.
Dann froen déi Lëtzebuerger
Asyl doheem,
Mir huelen der awer nëmmen honnert
an soss keen.
Well fir sech erëm doheem z’ integréieren,
Mussen se den Auslänner hir Sproochen
léieren.
Den Etienne setzt Arméiszelter
op den Glacis,
Spenden kommen aus dem Cap
Vert an dem Mali,
An trotz der Séparatioun zwëschen
Kierch an Staat,
Hëlleft d’ Caritas, an d’
Oktav gëtt ausgesat.
No comments:
Post a Comment