Saturday, December 28, 2013

Vill Joer am Neie Gléck fir eis Ressort Ministeren




















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat sinn eis 18 Gefiedert, 
déi schéin an eng Richtung ginn. 
OK, et sinn der e puer méi, mee déi ginn herno op Europa.



Vill Joer am Neie Gléck fir eis Ressort Ministeren

Een "Ressort Minister", wat huet dien um Bockel?
Ech duecht déi stinn op engem gefiederten Sockel.
Et versteet een allerdéngs méi ënner "Ressort",
Wéi, wat dreift een Minister, wat fir een Motor?

Duerfir ginn se lo een Joer laang observéiert,
Wéi se sech behuelen gëtt enregistréiert.
Dann gesinn mer op se stinn mat eegener Kraaft,
Oder gëtt sech Energie anzwousch anescht verschaaft?

Wann een "Ressort" seet, dat deit op eng Fieder hin,
Mussen déi dann wéi eng Auer opgedréint ginn?
Jo, dat ass fir déi mechanesch Ministeren,
Déi, bei deenen een d' Auerwierk héiert ticken.

Wann den Wecker rabbelt, ass et ee Klackespill,
Wann den Schlëssel awer verluer geet, tickt nit vill.
Dann geet guer näischt méi, wéi am Dréiwierk versprach.
Se kommen op schaardegen Zännrieder geschlach.

Een automatescht Wierk huet zwar och een Ressort,
Dien spaant sech vum selwen bei all klengem Effort.
Bewegt een näischt, geschitt  och näischt. Dat ass Inertie.
Dien gëtt dann hoffentlech nie Minister vun der Energie.

Am Fong ass een Ressort gutt fir déi vill méi Aal.
Déi méi jonk Ministeren sinn all digital.
Batterie, Kontakt, schonn sinn se positiv gelued.
Mee wann d' Batterie platt ass, dann stinn s' all am Schluet.

Déi Gréng hunn natierlech Solar Batterien,
Fir een Megawatt, schalten mer se an Serien.
Mee keng Sonn, vill Reen, do brauch een dann ee Vëloh,
A struewelt fir Ersatz Energie vum Dynamo.

T' bleift den Staatssekretär, dien keen Portefeuille huet.
Wéi kritt een dien ouni Batterie opgelued?
O, dat ass einfach, do bleift nëmmen den Atom;
Zappt s' an d' radioaktiv Musel bei Cattenom.

Den Regierungsrot ass elo pur Energie,
D' Vëlos Klam am Boxebeen, d' Fieder stramm wéi nie.
T' héiert een am Denkprozess (1) d' Riedercher ticken,
An d' Radioaktiv, um Wupp, mat den Bicken klicken ....


(1) Ech duecht dass déi meescht denken, Denkprozess wär d' Wuert vum Joer. Ech denken, am beschten klickt oder tickt emol hei.



No comments:

Post a Comment