Tuesday, December 24, 2013

Denkprozess





















Ass dat den Péckvillchen? Roueg! 
Mir sinn just an engem Denk Prozess.

Denkprozess

Dir hutt Iech bestëmmt schonn dat neit Wuert iwwerluecht,
T' ass "Denkprozess",  mee meeschtens hunn s' un näischt geduecht.
Oder dach, dann hunn se eng verwurrelt am Kapp,
An versichen dass jo nëmmen keen se ertappt.

Iwwert d' Prostitutioun sinn mer am "Denkprozess",
Wuer dat awer hin geet, ass nach guer nit gewëss.
An den Juncker huet och guer keng Ahnung wouhin,
Dat huet awer näischt mat Prostitutioun ze dinn.

Hien ass jo am Denkprozess iwwer Europa,
Hien ass verstoppt, mir waarden op säin Eureka.
Säin vollen Asaatz als Oppositioun ass hin,
Wëll de Regierungsprogramm jo säin schéngt ze sinn.

D' Mamm vun all Denk Prozess ass de Bommeleeër,
Do sichen se nach haut no Mëttel an Weeër.
Leider ass an deem Denk Prozess näischt ze man,
Well jo keen sech un näischt méi erënneren kann.


No comments:

Post a Comment