Wednesday, May 27, 2009

Maybolli Luxembourg.

Maybolli ass een ganz neien Feuilleton, deen et nëmmen am Peckvillchen ze liesen gëtt. Et ass een Theaterstéck an méi wéi honnert Akten, wéivill huet nach keen gezielt. An esou geet et un:

Et waar emol eng groussech Festung, sou staark wei de Kaffi vum Cactus. An d’ Leit vu weit a breet hunn all hiert Gold dohin a Sécherheet geschleeft.

Der Festung hiren Numm ass Luxembouagadougou a wei hiren Numm et seet, war gehalen vun nëmmen integeren Leit. Ënnert sech nennen sie hir Stad Lëtzebuerg. Souguer den Egide, vu weit, weit ewech, vun déi Séit dem Pull huet dem May’s Fränz am Dokter Bollendorff getraut mat sengen Suen.

Sie hunn ëmmer riicht eraus geschwat, besonnesch nomëttes, wann de gudden Dokter sech am Fränz e bësschen Elixir verschriwwen hat. Maybolli nennt sech dat Gedrénks an domat deen ganzen Theater.

Riicht Iech bequem an d’ Fotell an, a liest wei den Egide gebiischt gouf. A woufir den Fränz an den Dokter trotz allem an engem Paradies sinn.

Schluss vun der Introduktioun.

Remarque: Dir musst mer e bësschen Gedold beweisen mat menger Sprooch. No 20 Joer an Amerika ass se vläicht raschteg ginn. Wann der dëst mam Decken an dem Dënnen hirem Accent haart liest, dann verstitt Dir op emol wat ech wollt soen. Probéiert emol.

Kommentären sinn erwënscht an Zeien sinn gesicht!

No comments:

Post a Comment