Friday, May 29, 2009

Maybolli Luxembourg (3)

“Eng Millioun, frecks de nit” huet dunn de Bolli gesot. Mat esouvill gëtt keen Streit am Stot. Mir kafen d’ Haus um Sennéngerbierg, an den Egide, dien steet duerfir Bierg
Deck Leit, de May dien kennt der. An dësem Fall de Fränk Elstner.
“Ech wollt eigentlech nicht verkafen, May fir 900Mill lassen Ich das lafen” huet den Fränk geschwaten.

(Note vum Auteur: wuerfir heeschen déi all Fränk? Ech hu jo keen “ä” op mengem amerikaneschen keyboard).

“900?” huet do de May gesot. “Dat wier Iech schei gebroot! Et ass eng Millioun oder näischt
“Schon gut, schon gut” sot do de Mann erféiert. De May hat d’ Rechnen um Job geleiert.

Dat léif Leit ass d’Senninger Geschicht, bal ganz a Form vun engem Gedicht.

Warnung: Wann der mengt a puer Charakteren géingen Leit am richtegen Liewen gläichen, dann ass dat keen Zoufall. Nee, dat ass mat Absicht geschitt.

No comments:

Post a Comment