Friday, May 29, 2009

Maybolli Luxembourg (2)

De Bolli hat eng Iddi: den Thiel’s Louss, séin Schutzengel, hat him geschwat vun Crèchen, déi Lëtzebuerg guer nit hat. Et ginn der gebraucht an allen Ecken an der Stad.
De May huet du gesot: “May jo, Komper Bolli, da komm mer bauen sie!”
De Wagnesch Fränk huet du gesot: “May sécher, an d’Dexia BIL, déi léint iech vill. Ech maachen Iech d’ Konten op, dir setzt e puer Garantien drop .”
Do huet de May gesot: “Esouvill Garantien hu mer nit, Ech hunn eng Iddi, dat ass den Egide. Hien gouf bei der Spuerkeess rekrutéiert, elo gëtt en hei accaparéiert!”
“Schéckt mir him seng Prokuratioun, da ginn ech Iech eng Millioun” huet do de Fränk sech d’ Hänn geriwwen. “A fir speziell no Iech ze kucken, presentéieren Ech Iech den Teddy Kutten.”
“Wien huet d’ Ënnerschrëft?” “Ech” sot de May. “Wien ass Bénéficiairë économique?” “Ech” sot de May. “An Ech” sot de Bolli.” Den Egide ass guer nit hei, dann ass hien eben nit derbäi.”

Brav Leit, ass Iech opgefall? De May de Bolli an den Teddy zeien den Egide iwwert den Dësch, an hien ass emol guer nit do. Wei geet dat virun? Fëllt et dem Egide op? Huet den Teddy doriwwer schlecht geschlof a rifft den Egide unn? May jëmmen a gewëss. A wann keen aneren dem Egide dat gesot huet, dann weess dien dat haut nach nit.

Warnung: Wann der mengt a puer Charakteren géingen Leit am richtegen Liewen gläichen, dann ass dat keen Zoufall. Nee, dat ass mat Absicht geschitt.

No comments:

Post a Comment