Saturday, May 30, 2009

Maybolli Luxembourg (4)

Zu Sennéng op der Knippchen, do sinn déi zwéin lo frou.
Si huele gär eng Schlippchen, een drénkt dem aner zou.
Bereléng, léng direlire-léng, bere-léng, léng direlire-léng,
een drénkt dem aner zou, een drénkt dem aner zou.

Zu Sennéng op der Knippchen, do ass de Bolli frou.
Hien huet elo eng Krëppchen, de May déi wëllt der zwou.
Bereléng, léng direlire-léng, bere-léng, léng direlire-léng.
De Bolli huet eng Krëppchen, de May déi wëllt der zwou.

Du seet de Komper May, „so Bolli so mir emol: wuerfir muss Ech ëmmer sangen,
mat dengem Elixir?“ De Bolli sot Du kanns guer nit duerfir, t‘ ass Däin Gehir.
Du wäerts gesinn méi wei eng Kéier kennt eng gudd Iddi ervir.
Vläicht léisst d’Raiffeisen eng Milliéinchen sprangen?
D’Raiffeisen léisst sech nit bieden.
Mam Egide senger Prokuratioun,
Gräift s’ an Täsch a gëtt eng Millioun.
Wideralla la, wideralla la, wider rallaralla la

Du sot den Komper Bolli:“So Fränz, wuerfir muss Ech ëmmer sangen ,
mat enger Millioun an der Täsch?”
„Du brauchs nit laang ze sangen,
Mir ginn déi gläich ewech.”
Wideralla la, wideralla la, wider rallaralla la

Nit weit vum Geesseknäppchen, do sinn déi zwéin elo frou
Mat enger neier Krëppchen, do hunn se der lo zwou
Bereléng, léng direlire-léng, bere-léng, léng direlire-léng,
do hunn se der lo zwou, do hunn se der lo zwou.

De Bolli sot: “déi nei Krëppchen, déi setzt een richteg frei,
Riicht eraus ze soen , Ech hätt der gären dräi.”
Bereléng, léng direlire-léng, bere-léng, léng direlire-léng,
Ech hätt der gären dräi, Ech hätt der gären dräi

De May sot: “mir man dat heiten, mir ginn bei d’ Generale,
déi ass do fir Iech all, t’ ass mir elo agefall!”
Déi zwéi Komperen wëssen schonn wei et geet,
d’Banque Generale weess och schonn Bescheed,
Mam Egide senger Prokuratioun,
gëtt och sie eng gudd Millioun
Wideralla la, wideralla la, wider rallaralla la
.
Een Restaurant kennt nach derbäi,
Déi zwéin hätten der awer gären dräi,
Mam Egide senger Prokuratioun,
zerklappen d’ Banken sech fir de leschten Spoun.
“Ech, nee Ech, Du waars jo schonn derbäi!”
Eis Komperen huelen vun en allen dräi.
D’ Banken ginn ewéi d’ Mécken un den waarmen Bräi.
Krëpp a Bistro, et sinn der lo zweemol dräi.

De Bice koum bei d’Goelle Fra,
Op Esch um Brill den Toscana.
An den Utopolis d’ Spaghetti Factory.
Esou vill Italienesch wei nach nie!


Dem May seng Fra déi kritt en Audi,
déi mécht och gäre mat bei all deem Gaudi,
de May selwer kritt een schnittigen BMW,
de Bolli eng Porsche mat op den Wee.
Se fueren an Dreier Formatioun,
den Egide stellt jo seng Kautioun.
Sie furen do ewéi déi Grouss,
an den Egide geet zu Fouss.

Brav Leit, Dir spiert schonn sécher: dat do geet nit gudd aus.

No comments:

Post a Comment