Sunday, May 30, 2021

Vademecum fir eng Gender gerecht Genealogie


                           












Péckvillchen Nummero Eent an Péckvillchen Nummero Zwee


Vademecum fir eng Gender gerecht Genealogie

 

Dir Persounen hutt et jo bestëmmt schonn héieren,

Dir musst een ganz neien Vocabulaire elo léieren.

Keng Angscht den Péckvillchen léist Iech nitt am Stach,

Ee Gléck! Säin Wateeméikum stoppt fir Iech dat Lach.

 

Et ass jo och schlëmm, et ginn ëmmer nach Persounen,

Déi Wierder wéi Papp an Mamm express extra betounen.

Dat ass jo nach méi schlëmm wéi mat Diesel ze fueren!

Sou een Ierger kennen mer eis vun elo un spueren.

 

Vun elo un soen mer ganz einfach “mäin Elterendeel,“

Äis Regierung seet op dem Formulaire, dat wär een Befeel.

Een Elterendeel ass dann eben den Nummero Eent,

Deen aneren den Zwee, mee déi zwee sinn sech jo eens.

 

Heiansdo gëtt et vläicht Streit: “O jo, Du muss ëmmer vir,”

“Et ass un mir den Eent ze sinn, schreif Der dat op d’ Stier!”

An den Grousselterendeel Eent seet: “Zu menger Zäit,”

Goufen d’ Saachen nitt esou duerchernaner geheit.”

 

Den Urgrousseleterendeel Zwee sot: “Wat hutt Der gesot?”

An wéi dat dann esou geet an engem gescheeten Stot,

Huet den Stéifelterendeel Eent gesot: “Ech kann den Zwee ginn,

“Och wann Ech den Ersatz fir den Ex-Nummero Eent hei sinn.”

 

Den Grousseleterendeel Eent schwätzt mam Puppelchen:

“An wou ass dem klengen Puppelchen säin Elterendeelchen?”

“Bomi, den Elterendeelchen donnant Naissancelchen?” huet den Puppelchen gefrot.

“Wat d’ Kënnercher awer séier léieren” huet den Grousseleterendeel dunn gesot.

 

D’ Kanner sangen: “Wéi mäin Elterendeel Eent nach hue-uet gesponnen”

D’ Kathedral séngt: “O Elterendeel, léiwen Elterendeel do ue-uewen.”

An do drop: “Léiwen Elterendeel Zwee, Ech weess et net ze soen”.

“Mä dann haalt emol all den Bak” huet den alen Grousseleterendeel dunn gegrommelt.

 

Zu Hollywood an der Filmmacherei läit d’ Konscht um Stierwen,

Well “Mawwerfacker” war jo do eppes wéi een Kulturierwen.

Déi schaffen elo drun fir Elterendeelfacker ze verkafen.

Soss wäert sech hir Konscht geschwënn am Netflix verlafen.



 

Saturday, December 12, 2020

Gay Mat an Bleift Doheem!

 




Gay Mat an Bleift Doheem!

 

Den Péckvillchen ass alt een bësschen verkuerbelt,

Well en huet mat enger Invitatioun gestruewelt.

Gay Mat sot d’ Invitatioun fir op eng Parad,

Mee lo huet d’ Regierung een Strich duerch d’ Saach gemat.

 

Sie ass elo géint Gay Mat, Sie seet bleift doheem.

Dat hin an hier dreift eis nach geschwënn all op d’ Beem.

Et kann een doheem och keen Masken Bal feieren,

Et ass jo verbueden fir sech ze verschleieren!















Tuesday, September 15, 2020

Bärbelendag an der Gemeng Biekerech


D' Barbarakritt en Spillschoul,
an de'i Schwarz hunn naischt do ze sichen 









Bärbelendag an der Gemeng Biekerech

 

Mat gemächlechem Schrëtt trëppelt den Fieschter duerch säin Revéier,

D’ Béchs op der Schëller, an der Hand den Ëmwelt Brevéier.

Um Millewee erwëscht et hien dunn, do gouf en schéin erféiert,

Do hat jo nit een*t dien schéinen Bongert massakréiert!

 

“Hellegen Job vum Kuelebierg, wien war dien Ëmwelt Terrorist?”

Een Vëlo schellt, “ma sicht net weit” sot do deen eeleren Cyclist.

“Alt erëm Israel, wéi dachs muss Ech dat nach soen” sot den Pätter,

“Ma dann sidd Dir Zeien” sot den Fieschter, “een Ëmwelt Retter”.

 

“Kuck  Der dat mol un, do stoungen Äppel an Quetschebeem,

Mär waren all esou houfreg do drop an eisem Gaard an Heem.

Do waren Fräschen, eng Ëchel, een Fuuss an eng schwaarz Märel,

Wat eng Schan, Ech packen mech nit, Ech fannen schonn dien Kärel!”

 

“Dien Kärel, dat sinn Ech,” huet dunn eng douce Stëmmchen gesot.

“Ech sinn d’ Spillschoulsjoffer, an Ech hunn mech genau ëmfrot,

Ech hunn nämlech eent Déckt an der Hand fir bei d’ Mëllesch,

Well hat sot sie hätt gesot sie wär him nach eng schëlleg.”

 

“Aha, Ech verstinn, sou leeft dat,” huet dunn den Bop um Vëlo gesot.

“Dien Fieschter do huet Famill an Israel wann Dir mech frot!

Mat der Impakt Etude kéiert hien hei déi ganz Welt op d’ Kopp,

Tjö, Merde alors, wéint esou engem topegen Biotop?”

 

 

“T ’ass dach wouer,” huet d’ Mëlleschfra sech dunn dra gemëscht,

“Hei sinn d’ Froen mat den Äntwerten, just ënnerschreif d’ ganz Löscht.

Dann ass alles wéi ëmmer an der Rei, an domat alles gehat,

Dann kréint keen Iesel méi no dem Hueweler Habitat.”

 

“Ah bravo fir der Madame Minister hir verkierzten Prozedur,

Dien hei wär nawell iwwert d’ Kräizerbuch zréck op Stengefort gefuer.

Mee wann se uewen um Bierg testen soen se nach Ech hätt gefuddelt,

Ech huelen och léiwer den kuerzen Wee duerch den Hueweler Tunnel.”

 

An geschwënn gëtt déi nei Crèche Pimpampelchen inauguréiert,

D’ Atombommen Milly an de Mann mam Pitschelchen sinn invitéiert,

D’ Ministeren*innen hunn direkt 50 Plazen an der Crèche reservéiert.

A dach, déi ginn dann vun elo un all Joer budgetiséiert.

 

Et gëtt Äppelbrot an Quetscheflued nach aus dem Bongert,

An Judd mat Gaardebounen fir dass nëmmen keen erhéngert!

Ei Kaviar sot den Mann dien war erëm mam Vëlo do,

Dees huelen Ech mat heem, well den Kaviar schauert den Mo!

 

Vum Mëlleschbur aus lauschteren Fieschter an Fiisschen no,

Am Pimpampelchen do sangen lo déi Rout, déi Gréng an déi Blo:

Im Wald und auf der Heide, Amsel, Drossel Fink u-und Star.

“O Aarmut” sot den Fieschter déi retten keng Fauna a Flora, mee d’ Barbara,    







Tuesday, July 14, 2020

De Jang war beim Freud wéint enger Röschütt

Ass dat do den Peckvillchen?














De Jang war beim Freud wéint enger Röschütt

D’ lescht Joer zu Wien, Dir erënnert Iech dat nach,
Hat den Jang dem Freud Therapies Stonnen versprach.
Hien gouf dunn vun der Madame Doktor Kopeinig gepéngegt, (1)
Well en hätt jo mat “Tjö, Merde Alors” gesëndegt.

Den Jang hat deemools dat Blot vun der Donau geflucht,
An elo eng Röschütt! Hien ass beim Dr Freud gebucht.
Wéi deemools stinn d’ Tierken schonn rëm virun Wien,
De Jang krut et un sech wéi d’ lescht an Cisjordanien.

“Ou! Jang Du bass dach soss nit eleng, wou sinn déi aner?”
Sot den Freud vun uewen op sengem Lipizzaner.
“Ja, ja, heuer reise Ich just mit méin Reisebengel”
“Und Ich komme just elo von Konstantinopel”.

“Ech war dohin kucken wéint der Hagia Sophia,
An dunn op Wien fir meng Hagiografie vum Margaretha.”
“Mmhm”, sot dunn de Freud, “schwëtz roueg virun,
Ziel mer all deng Gefiller schéin vun Ufank un.”

“T’ geet un mam Moses an Israel wann Dir mech frot.”
“Ech kennen meng Geschicht” huet dunn den Freud gesot.
“Ziel mer vun dengen Kanner Joeren zu Stengefort,
Vum Ausseminister an dem Lëtzebuerger Wort”.

“Schonn fréi hunn Ech an der Bibel iwwert Israel geléiert,
Den Paschtouer sot déi hunn dat ganzt Hellegt Land annexéiert,
Sou gouf eis all als Kanner schonn de freien Geescht jo ginn,
Ech hunn dien mat mer geschleeft bis an d’ UNO hin.”

“Wéi Ech am leschten Joerhonnert Ausseminister gouf,
Do war den Khomeini grad nach een klengen Bouf.
Deemools waren wéinstens nach d’ Grenzen op.
Haut kann een nach just bis op Nennig op d’ Kopp.”

“Amplaz dem Ventoux ginn Ech an den Habschter Bierg,
Dann vläicht nach een Tour em d’ Sëller Kierch.
Meng Flüchtlingen muss Ech am Katalog bestellen,
Mee et sinn nëmmen Kanner mat Bäert déi sech mellen.”

“Souguer den Xav dien hätt den Kattors J
Mam Macron d’ Parad gekuckt mat den Legionären,
Wéi se am Schiertech d’ Champs Elysees era kommen,
Mam Sousaphon, v’là du boudin an mat den Trommen.”

“O Dokter een Ausseminister dien muss dobannen bleiwen,
Dat ass eng Schmoot déi ass guer nit ze beschreiwen.
An dann kennt dat Paulette an den Sondagen vun hannen,
An iwwerhëlt mech och nach, wéi den Jang de Blannen!”

“Nit genuch domat, Ech ginn rosen wéi eng Bei,
Wann Ech Zollidaritéit gesinn mat der Regierung hei.
Wir anderen in Luxemburg wëllen zwar bleiwen wat mir sinn.
Mee Ech hätt gär dass d’ Éisterräicher wéi d’ Lëtzebuerger ginn.”

“Mir mussen do awer weider drun schaffen” huet dunn den Freud gesot,
“Am beschten wann d’ Grenzen rëm op sinn wann Dir mech frot.
Dat méich 250 Euro, mee Ech hunn kuerz mam Kurz geschwat,
Dien sot dat kascht hien just den Euro-Gramegna, dann ass déi Saach gehat!”

“Ciö, merda allora” huet dunn den Salvini gesot,
“Ech ginn di Jang an di Gramegna een gudden Rot!
Commento iwwer Austria, Israel, Ungheria ma non troppo,
Soss ginn et der iwwerall an der Welt op den Poppo!”

Doheem am Conseil dien jo vum SREL gelauschtert gëtt,
Sot een “dat geet elo duer mee wien seet him et?”
“Ech kann nit, Ech muss mam Paulette een Briefing ginn,
Et misst een vun senger eegener Partei dat sinn!”

“Dat ass awer e bësschen beschwéiert Ech fäerten,
Een Mann an sengem Alter léist een einfach gewäerden,
Trotz roudem Krounen Virus maachen mer d’ Grenz rëm op,
A fort e geet dann reegt en hei keen méi op.


(1)D‘ Rapporten vun der Therapie ze kafen an allen exzellenten Librairien, an well déi jo zou sinn, einfach bei Amazon.com:https://www.amazon.de/Merde-alors-Asselborn-politische-Biografie/dp/3707607119
Margaretha Kopeinig: Merde alors! 




Monday, February 25, 2019

Wann d’ Tilly, d’ Milly an d’ Molly d’ Mauer maachen


Sputnik News: een Silly, pardon Silo mat ICBM




















Wann d’ Tilly, d’ Milly an d’ Molly d’ Mauer maachen

Een richtegen Zaldot mécht d ’Mauer fir d’ Freiesch ze gesinn,
Mee d’ Tilly, d’ Milly an d’ Molly well se gär um Kleine Brogel stinn.
Hei klammen se wéi den steiwen Mëttech iwwert den Drot,
An dunn hunn se een Zaldot iwwert d’ Atombommen gefrot.

Dien sot “Tjö” , mee op Vlaams,  well hien jo een Ami ass,
“Dat do geet awer ze wäit an et goung no hannen lass.”
An hien huet se e puer Stonnen an den Bing gespaart,
An do hunn se eng Gamelle voll Iertsebulli geschmaacht.

Virun den Kasären bei der grousser Paart steet jo eng Lanter,
Déi huet den Bausch iwwersinn, duerfir liicht se nach am Wanter.
Do huet den Péckvillchen op eis Heldinnen gewaart,
Well hien wousst: déi bleiwen dach nit laang agespaart.

An do hunn Zeien gesinn wéi hien dem Tilly seng nei Missioun erkläert!
Déi nächst Etapp ass mat der Leeder, Teppech an um Päerd,
Op Novosibirsk, Dombarovski, an Vostochny,
Den Wladimir wäert sech freeën wéi nach nie.

Vum Gulag duerno, no enger Gamelle voll Borscht,
Geheit een sech zu Lian Xi Wang an China an d’ Broscht.
Déi Grouss Mauer nom Kleine Brogel ass näischt fir sie.
An vun do geet et iwwer Pyong Yang op Punggye-Ri.

Dann op Tabriz, do brauch een keen Teppech mat ze huelen,
An keng Leeder, well do d’ Teppecher jo iwwert d’ Clôturë fléien.
Mee opgepasst do sinn Männer mat Bart déi verstinn keen Spaass.
Een Gléck dat eisen Jang deemools um Khomeini säint Graf gepilgert ass!

Den Donald Trump sot déi do waeren nie iwwert meng Arcelors Mauer komm,
Mee hier formidabel Aktioun ass really huge an ganz Welcome.
Well sie hunn gewisen dass d’ NATO muss besser Clôturen kréien,
An sie sollen deen alen Tarmac um Kleine Brogel frësch betonéieren!

D’ Greta Langstrumpf an Schweden steet am Schnéi bis iwwert d’ Oueren,
Ënnert sengem Klima Plakat héiert een hat iwwert d’ Konkurrenten soueren:
Déi, déi am Europaparlament schwänzen loossen sech och nach bezuelen,
Wann mer Kanner d’ Schoul schwänzen, kréien just d’ Proffen hir Kuelen.

Sunday, September 23, 2018

De Jang mécht Gruppen Therapie zu Wien

Den Péckvillchen kann elo Pippi Kaka sangen. 
Photo: Sigmund Freud


De Jang mécht Gruppen Therapie zu Wien

Zu Wien stoungen d’ Tierken schonn erëm virun der Dir,
D’ EU Bautzenministeren waren duerfir,
Bei den Dokter Freud an eng Gruppen Therapie,
Eisem Jang seng Plaz war ganz riets vum Salvini.

Den Freud war am Leed: hien gesouch Khomeinisten,
Faschisten, Opportunisten an Rassisten,
Populisten, Antizionisten, Feministen,
Cyclisten, Konter Bassisten an Natalisten.

Eng Fro stoung am Raum: sinn déi Tierken Immigranten?
Wéini sinn Immigranten einfach Migranten?
Kréien se Asyl mat Famill an all hiren Bekannten?
Dann sinn se jo Immigranten an keng Asylanten!

Den Salvini sot kommt mir maachen eis eegen Kanner,
Amplaz ee Sklaven Handel aus aneren Länner.
Den Krou geet sou laang bei den Bur, bis d’ Waasserleitung kënnt!
Wien ass nach hei dien eppes dobäi fënnt?

Den Jang krut d’ Midderchen wéi hien dat héieren huet,
Saïn rosa rouden Brëll ass ugelaf wéi no engem Schluet.
An wéi Jang den Blannen geet en aus dem Suedel,
An wéi wëll schléit em sech mat der Vëlospompel.

Den Péckvillchen gesouch déi Saach méi vun uewen,
An Dir kënnt roueg seng Reportagen luewen:
Den Jang sot nie Merde alors wéi den Cambronne,
Hien sot zwar Tjö wéi den Schéifer Mich vun Asselborn.

Den Freud sot jo, déi Latrinen Gespréicher sinn all,
Normal am  Entwécklungs Stade sadique-anal.
Besser riicht eraus dermat wéi do bannen gehal.
Pippi Kaka ass Salon fähig international.

Fir richteg sot de Jang “Merde à l’ or” an huet domat gemengt,
Elo ass den Secret bancaire vun der Spuerkeess gesprengt.
Een Drëttel vun Italien gëtt vun der Mafia kontrolléiert,
Een Drëttel ass och zu Lëtzebuerg déposéiert.

D’ Spuerkeess déi jo dem Lëtzebuerger Staat gehéiert,
Huet eis nach deeselwechten Dag desinforméiert,
Dass den Salvini do 48 Milliounen hätt.
De Jang, d’ Spuerkeess, an d’  Lega leien an engem Bett!

An dat war alles, t’ ass och déi richteg Geschicht,
Mee haut gëtt iwwerall no engem Kurzschluss gesicht.
D’  Milliounen sinn husch, am Reen do steet den Lëtzi!
Tjö, déi sinn elo zu Wien, op engem Kont beim Oetzi.