Sunday, September 23, 2018

De Jang mécht Gruppen Therapie zu Wien

Den Péckvillchen kann elo Pippi Kaka sangen. 
Photo: Sigmund Freud


De Jang mécht Gruppen Therapie zu Wien

Zu Wien stoungen d’ Tierken schonn erëm virun der Dir,
D’ EU Bautzenministeren waren duerfir,
Bei den Dokter Freud an eng Gruppen Therapie,
Eisem Jang seng Plaz war ganz riets vum Salvini.

Den Freud war am Leed: hien gesouch Khomeinisten,
Faschisten, Opportunisten an Rassisten,
Populisten, Antizionisten, Feministen,
Cyclisten, Konter Bassisten an Natalisten.

Eng Fro stoung am Raum: sinn déi Tierken Immigranten?
Wéini sinn Immigranten einfach Migranten?
Kréien se Asyl mat Famill an all hiren Bekannten?
Dann sinn se jo Immigranten an keng Asylanten!

Den Salvini sot kommt mir maachen eis eegen Kanner,
Amplaz ee Sklaven Handel aus aneren Länner.
Den Krou geet sou laang bei den Bur, bis d’ Waasserleitung kënnt!
Wien ass nach hei dien eppes dobäi fënnt?

Den Jang krut d’ Midderchen wéi hien dat héieren huet,
Saïn rosa rouden Brëll ass ugelaf wéi no engem Schluet.
An wéi Jang den Blannen geet en aus dem Suedel,
An wéi wëll schléit em sech mat der Vëlospompel.

Den Péckvillchen gesouch déi Saach méi vun uewen,
An Dir kënnt roueg seng Reportagen luewen:
Den Jang sot nie Merde alors wéi den Cambronne,
Hien sot zwar Tjö wéi den Schéifer Mich vun Asselborn.

Den Freud sot jo, déi Latrinen Gespréicher sinn all,
Normal am  Entwécklungs Stade sadique-anal.
Besser riicht eraus dermat wéi do bannen gehal.
Pippi Kaka ass Salon fähig international.

Fir richteg sot de Jang “Merde à l’ or” an huet domat gemengt,
Elo ass den Secret bancaire vun der Spuerkeess gesprengt.
Een Drëttel vun Italien gëtt vun der Mafia kontrolléiert,
Een Drëttel ass och zu Lëtzebuerg déposéiert.

D’ Spuerkeess déi jo dem Lëtzebuerger Staat gehéiert,
Huet eis nach deeselwechten Dag desinforméiert,
Dass den Salvini do 48 Milliounen hätt.
De Jang, d’ Spuerkeess, an d’  Lega leien an engem Bett!

An dat war alles, t’ ass och déi richteg Geschicht,
Mee haut gëtt iwwerall no engem Kurzschluss gesicht.
D’  Milliounen sinn husch, am Reen do steet den Lëtzi!
Tjö, déi sinn elo zu Wien, op engem Kont beim Oetzi. 





No comments:

Post a Comment