Ass dat do den Peckvillchen? |
De Jang war beim Freud wéint enger
Röschütt
D’ lescht Joer zu Wien, Dir erënnert
Iech dat nach,
Hat den Jang dem Freud Therapies
Stonnen versprach.
Hien gouf dunn vun der Madame
Doktor Kopeinig gepéngegt, (1)
Well en hätt jo mat “Tjö, Merde
Alors” gesëndegt.
Den Jang hat deemools dat Blot
vun der Donau geflucht,
An elo eng Röschütt! Hien ass beim
Dr Freud gebucht.
Wéi deemools stinn d’ Tierken schonn
rëm virun Wien,
De Jang krut et un sech wéi d’
lescht an Cisjordanien.
“Ou! Jang Du bass dach soss
nit eleng, wou sinn déi aner?”
Sot den Freud vun uewen op
sengem Lipizzaner.
“Ja, ja, heuer reise Ich just
mit méin Reisebengel”
“Und Ich komme just elo von
Konstantinopel”.
“Ech war dohin kucken wéint der
Hagia Sophia,
An dunn op Wien fir meng
Hagiografie vum Margaretha.”
“Mmhm”, sot dunn de Freud, “schwëtz
roueg virun,
Ziel mer all deng Gefiller schéin
vun Ufank un.”
“T’ geet un mam Moses an
Israel wann Dir mech frot.”
“Ech kennen meng Geschicht”
huet dunn den Freud gesot.
“Ziel mer vun dengen Kanner
Joeren zu Stengefort,
Vum Ausseminister an dem Lëtzebuerger
Wort”.
“Schonn fréi hunn Ech an der
Bibel iwwert Israel geléiert,
Den Paschtouer sot déi hunn
dat ganzt Hellegt Land annexéiert,
Sou gouf eis all als Kanner
schonn de freien Geescht jo ginn,
Ech hunn dien mat mer geschleeft
bis an d’ UNO hin.”
“Wéi Ech am leschten
Joerhonnert Ausseminister gouf,
Do war den Khomeini grad nach
een klengen Bouf.
Deemools waren wéinstens nach
d’ Grenzen op.
Haut kann een nach just bis op
Nennig op d’ Kopp.”
“Amplaz dem Ventoux ginn Ech an
den Habschter Bierg,
Dann vläicht nach een Tour em d’
Sëller Kierch.
Meng Flüchtlingen muss Ech am
Katalog bestellen,
Mee et sinn nëmmen Kanner mat Bäert
déi sech mellen.”
“Souguer den Xav dien hätt den
Kattors J
Mam Macron d’ Parad gekuckt
mat den Legionären,
Wéi se am Schiertech d’ Champs
Elysees era kommen,
Mam Sousaphon, v’là du boudin
an mat den Trommen.”
“O Dokter een Ausseminister
dien muss dobannen bleiwen,
Dat ass eng Schmoot déi ass
guer nit ze beschreiwen.
An dann kennt dat Paulette an
den Sondagen vun hannen,
An iwwerhëlt mech och nach, wéi
den Jang de Blannen!”
“Nit genuch domat, Ech ginn
rosen wéi eng Bei,
Wann Ech Zollidaritéit gesinn
mat der Regierung hei.
Wir anderen in Luxemburg wëllen
zwar bleiwen wat mir sinn.
Mee Ech hätt gär dass d’ Éisterräicher
wéi d’ Lëtzebuerger ginn.”
“Mir mussen do awer weider drun
schaffen” huet dunn den Freud gesot,
“Am beschten wann d’ Grenzen rëm
op sinn wann Dir mech frot.
Dat méich 250 Euro, mee Ech
hunn kuerz mam Kurz geschwat,
Dien sot dat kascht hien just den
Euro-Gramegna, dann ass déi Saach gehat!”
“Ciö, merda allora” huet dunn
den Salvini gesot,
“Ech ginn di Jang an di
Gramegna een gudden Rot!
Commento iwwer Austria, Israel,
Ungheria ma non troppo,
Soss ginn et der iwwerall an
der Welt op den Poppo!”
Doheem am Conseil dien jo vum
SREL gelauschtert gëtt,
Sot een “dat geet elo duer mee
wien seet him et?”
“Ech kann nit, Ech muss mam
Paulette een Briefing ginn,
Et misst een vun senger
eegener Partei dat sinn!”
“Dat ass awer e bësschen beschwéiert
Ech fäerten,
Een Mann an sengem Alter léist
een einfach gewäerden,
Trotz roudem Krounen Virus maachen
mer d’ Grenz rëm op,
A fort e geet dann reegt en
hei keen méi op.
(1)D‘ Rapporten vun der
Therapie ze kafen an allen exzellenten Librairien, an well déi jo zou sinn,
einfach bei Amazon.com:https://www.amazon.de/Merde-alors-Asselborn-politische-Biografie/dp/3707607119
Margaretha Kopeinig: Merde alors!
No comments:
Post a Comment