Sunday, September 16, 2018

Walen 2018: Den Péckvillchen deckt den Skandal vun der Wieler Ënnerdréckung op.

42 Place Guillaume II hat den Jang op seng Circulaire geschriwwen



Walen 2018: Den Péckvillchen deckt den Skandal vun der Wieler Ënnerdréckung op.



Den Egide huet sech hei an der Redaktioun beklot,

Hien wär een Wieler, een Patriot an een Zaldot,

An dach kéint hien dëst Joer nit wielen goen!

An hien stellt sech do dann allerhand Froen.



Den Jang huet zu Wien dat blot vun der Donau geflucht,

Et hat näischt ze dinn mat italienescher Steierflucht,

Hien war rosen dass den Italiener gären Bambini mécht,

An Europa dann ouni Migranten ausenaner brécht.



Den Egide hätt nawell gär fir all déi Bambini gestëmmt,

Den Gramegna vläicht, di Bartolomeo, mee d’ Dall’Agnol bestëmmt.

Mee dem Jang seng Bréifwal huet LuxPost him zréck geschéckt,

Den Bréifdréier sot “adresse incorrecte”, dat ass jo verréckt.



An schonns kennt d’ UNO an d’ Spill mat Observateuren,

Well déi Walen wären organiséiert vun Amateuren.

Vertrieder aus Italien, Kongo, an Vatikan,

Kucken dann no dass keen méi fuddelen kann.




No comments:

Post a Comment