NATO Memberen tweeten et iwwerall |
Europa
läit an der Schubkar
Um NATO ‘s Sommet war eisen
ieweschten Mann,
Bal d’ Trap eropgefall, wann een dat
ganz uewen kann.
Hien hat dem Trump seng véier Prozent
falsch verstan,
An sech getommelt fir véier Promill
ze man.
Eng Giedel vun der AAA liicht en d’
Trap erop,
Do uewen steet een Bengel mat engem
Bop,
Den Juncker gladdert him ee Kuss op
d’ Krawatt,
T’ ass kloer, eisen Mann kritt nit
méi alles mat.
Spiert Dir et och, den Podium
schwenkt hin an hier.
Bal geet den Juncker no hannen a bal
no vir.
Véier Samariter stäipen hien
vun allen Säiten,
Mee dat sinn Ukrainer an heitegen
Zäiten.
Virum Cinquantenaire danzen d’
Engelen um Seel,
Hien mengt d’ Timoschenko wär am
zweeten Deel.
Dunn mengt hien e wär an Thailand an
enger Hiel,
Bis un den Knéi am Grappa, sëffeg
schéin golden giel.
Hat Dir gemengt den Bettel hätt op
hien opgepasst?
Oder den Schneider? Nee, déi hunn den
Trump geschasst.
Sie huelen den Trump wéi een
Thüringer an d’ Mëtt,
An stolzéieren do an d’ Kamera zu
drëtt.
Gedronk? Alles Fake News zwitschert
do den Trump.
Amplaz eng Trap baut dach dem Juncker
eng schéin Ramp.
Ech liken dien guy, hien ass een
marvellous friend,
Wéi iwweregens all Lëtzebuerger dien
mech kennt.
Et war een laangen Dag fir eng
dréchen Long,
Den Chef vun Europa kënnt dann zu
spéider Stonn,
An der Schubkar an léisst sech an den
Gala tippen,
Ënnert dem Dësch gëtt et Mullen an
Fritten.
Et war sou een schéinen Dag am Nord
Atlantik,
All solidaresch ronderëm eng
Sciatique,
Lëtzebuerg mat 0,4% bezilt och nit ze
vill!
Tiens, dat geet jo op, dat sinn och 4
Promill!
No comments:
Post a Comment