PECKVILLCHEN |
Den Trump ergëtt sech dem
Juncker an dem Wiff.
D’ Wäisst Haus zu Washington
gesouch ganz rout,
Well Arcelor-Mittal am Ohio wär
bal dout.
Den Trump schléit erëm eng
Kéier den Kapp op den Nol,
Mat enger Steier op Lëtzebuerger
Eisen an Stol.
Well all Kaff op der Welt
kacht elo Stol,
An verkeeft dann eng Dunn zum
Präis vun engem Nol.
“Abbé” sot den Juncker, “dass
keen dat vergësst,
Dann besteieren mir eben seng
Afennëss.”
“An saïn Whisky,
Harley-Davidson, den Whisky,
Ketchup, an nit ze vergiessen
och den Whisky.”
“Ma hal dach op,” sot d’Wiff, “Ech
war jo laang derbäi,
Du kriss dach als Kommissar däin
Whisky steierfräi!”
An schonns hält do eisen Mann
den Patt an Éieren,
Mee léisst sech vum Brigitte
Bardot heemféieren.
Hatt an hien sangen um Motorrad
zu spéider Stonn:
“Je n’ai peur de personne sur
mon Harley Davidson!”
Sie hunn den Hollande op
senger Mobilette iwwerholl.
Wéint dem Trump katzt dien saïn
integralen Helm ganz voll.
Passt op, op den Bausch op zwéin
Vëloen nieweneen,
Ouni Lutepotoen an der Nuecht gesäit
hien jo keen.
Arcelor Mittal sot, “ma Wiff,
hal elo nëmmen op,
Soss stees De nach am leschten
Artikel vum Feierkrop.
Zu gudder Enn mécht den Trump wéi
mir mat Amazon,
Guer keng Steier fir äis aner an
der Eurozon.”
No comments:
Post a Comment