Saturday, May 31, 2014

Kommt mir ginn all an den Te Deum !



















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Jang mat 
sengen gëllenen Inten op der Schluss Pressioun. Photo: Bistum

Kommt mir ginn all an den Te Deum !

Dir sot Dir waart nit an d' Muttergottesoktav?
Dir sidd dann keen...., d' Wuert ass mir lo op der Zong verlaf.
Wahrscheinlech wëllt Dir dann d' Trennung vun Kierch an Staat?
Esou huet déi Saach sech emol erëm geschwat.

Ech duecht d' Dammen mam Hutt géingen an d' Kathedral,
An, an den Theater, géingen d' Hären mam Schal.
Dat wär awer dach keng Trennung vun Kierch an Staat,
Dat wär jo egal wat, epps wéi Ech weess nit wat.

Ech krut zwou Invitatiounen an engem Kuerf,
Fir dëst Joer bleift d' Kierch dann emol nach am Duerf.
T' war och eng Broschür dran fir op Tréier ze fueren.
Nationalfeierdag ginn mer jo allegueren.

Dëst Joer waren mir fir eng Trennung nit prett.
Wéi eng Religioun hunn näämlech d' Kett an de Mett?
Dat misst een jo wëssen vun Ufank un,
Fir dat mer keng falsch Kaart an der Enveloppe hunn.

Fir elo bleift dann emol alles beim Alen,
Mir fueren esou virun wéi vrun de Walen.
Ënnert enger Conditioun déi et an sech huet:
Gläichgeschlechtlech Kopplen ginn an der Kierch bestuet!



No comments:

Post a Comment