Tuesday, June 3, 2014

Teppechwitz Numero 1: eng Nummer ze grouss

                                                                                                                                                                   


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass dach een 
Teppech Wiewer. Photo ET


Teppechwitz Numero 1: eng Nummer ze  grouss

Eisen Ausseminister ass fär vum Heimatland.
Hien sengt epps vun "brennend heisser Wüstensand".
Am Iran ass hien an enger Stëbswollek geland,
Schonn bei der Arrivée huet en d' Aen voller Sand.

Den Ayatollah empfänkt en zu Teheran,
Wéint dem Stëbs schloen déi zwéin sech eng Taass Téi eran.
Den Jang erkläert him d' Trennung vun Moschee an Staat.
Den Ayatollah lauschtert, hien gëtt es nit sat.

"Mee", sot de Jang, "Ech verkafen Iech nit fir domm,
Dir wësst Ech sinn hei, well Ech brauch eng Atombomm.
Am Conseil de Sécurité setzen Ech um Wupp.
Ech séiz awer léiwer beim atomaren Club".

"Gutt" sot den Mann dunn, "mar fueren mer op Isfahan,
Dat ass do wou mer Atombommen man.
Do verkafen mir der een Atombommenteppech
Da seet keen méi kuck den Jang ass awer schappeg".

"Excellent Exzellenz , a mir liwwere Iech Steng,
Bei Iech hei an deem Wüstesand ginn et jo keng."
Sou sot den Jang, an dobäi ass hien nit eleng.
Hien schwëtzt am Numm vun der Stengeforter Gemeng.

An do ginn den Jang an Mohammad Hand and Hand.
An der UNO kucken se hien mat Onverstand.
"Sou" sot den Jang, "lo kennen mir eis emaarmen".
An den Mohammad sot: "In Ewigkeit, Amen". 





No comments:

Post a Comment