Saturday, May 17, 2014

De Juncker ass keen Techie




Sinn dat do Péckvillercher? Ma nee, dat sinn Techieën. Photo: SREL



17 Mee: Update vum Péckvillchen sengem Korrespondent, aus dem Bus!

Een Pohunn leeft dorëmmer mam plakegen Aasch,
De Juncker schreift mat deem sengen Plommen an senger Haascht.
Den SREL huet eng Video dovun an erkläert,
Hien wär zwar keen Techie, mee säin Humor wär derwäert.




Ass epps aus dem Youtube, kritt keen et méi dran,
Dann geet Jenni an Menni den Spott dermat man.
Den Schulz mécht een Chat: " OMG, LOL, XOXO, LOL".
De Juncker grommelt:" Dien do huet bestëmmt d' Panz voll!"

Hien ass keen Geek, hien mengt eng Maischen géing tweeten,
Een Server wär ee Garçon, dien bréngt eis nach een.
Apple wär een Micro Soff, dien drénkt sech am Ei Patt,
An Java ee Lidd vum Fausti, dann sengt hien mat.

Hien sot een USB, dat wär eng Schwäizer Bank,
An een PDA, dat wär een aus Haut an Schank.
Wann een Mega an Wifi seet, an engem Zoch,
Dann seet hien : "Mmmh, jo, elo richen Ech et och."

Jongen an Meedercher, wuerfir geet et hei drëm?
Ma bei den Walen brauch den Juncker Är Stemm,
Well hien huet nëmmen fir President studéiert.
Wat mécht hien dann, wann en d' Walen verléiert?

Kommt, kommt, wat heescht hei en ass jo guer nit Kandidat?
Hien ass Kandidat, hien huet sech just nit opgesat.
D 'Accord, d' Walen wannen geet och nach nit duer,
Well am Conseil gëtt vläicht mat him Schlittschung gefuer.

De Juncker mam Premier ass dann dat neit Gespaan,
Kuckt emol wat déi zwéin do am Te Deum man.
Am belschen Chic, schécken se sech SMSen,
Da geet d' Zäit erëm, an hien léiert alt e bëssen. 

Hien le'iert och Angry Birds spillen op Féiss Buck,
Op Farmville kritt hien Subsiden fir eng nei Kluck.
Eisen Techie spillt Candy Crush an Ligen Poker,
Do ass hien gutt dran, do nennt hien sech den Joker. 




No comments:

Post a Comment