Saturday, June 20, 2009

Maybolli (8) : Luxemburger Schweiz

“Der May goot mittem Bolli in d’Schwyz.”
An zwar am Auto, dat ass kee Witz.
“Ech fuern dohin,” huet de May gesot,
“An fir rëm bass Du de Co-Pilot.”

De Bolli sot: “gewëss, Ech verstinn.
Ech wär et zwar léiwer fir dohin.
Da kanns Du fir zréck selwer fueren,
Well Ech weess, d’ Schwäiz bréngt Dech op Touren.”

De May déi sot: “Hëpp Siss gëff Gas,
Et ass ee Strapp bis an d’Bahnhofstraß.”
De May um Steier sengt eng Leier,
De Bolli fënnt d’ Péagen deier.

“Kuck wéi déi all fueren, wéi ee Schwäin,
Déi haten all hiert Glieschen Wäin.”
Huet de May gesot mat dréchner Long,
“Vive d’ Schwäiz, well déi hei si keng bong.”

“Grüezi” sot den Douanier op der Grenz.
Hie kuckt de Bolli, dann May’ s Fränz.
“Du Ueli häsch gseh, was isch au das?”
De May déi kuckt wei eent eidelt Glas.

“Möchtet Ihr das Auto döt über lo sto.”
De May déi sot: "a wat ass dat do?"
“Möcht' Ihr gärn s’Gepäck use hebbe,
Nähmt Sie's mit i s’Büro danebbe.”

De May an de Bolli ginn verhéiert,
An hiert Gepäck gëtt ëmgekéiert.
Do gëtt et allerhand ze kucken,
D’ Douanieren gi schiel a balucken.

“Was isch au das,” freet een den Ueli.
“Cash und chèques repas” seet de Bolli.
Das wird als Cash uns übertragen,
Man kann’s dem Egide nur nicht sagen.”

“Die zwo hei den Egide betrogen?
Die werden jetze ausgezogen!”
May a Bolli setzen plakeg do.
D’ Douanieren zielen d’Euroen no.

De May déi grommelt, mais traut sech näischt,
De Bolli dernieft ass brav a kräischt.
“Oh May hei komme mer nie méi eroos,
Oder déi geheien eis plakeg op d’Stroos.”

Drop kommen der zwéin se verhéieren,
Déi dinn eis Helden gutt erféieren.
“Sepp nehmsch dä mittem dicke Füddli,
Und Ich frog dann, wie heischt er, Bolli.”

“Gottfied Stutz” huet den Ueli gesot.
“Was isch au das?” huet de Sepp gefrot.
“S’Füddli hätt gseit’s siggy Schäck Rehpah.”
De Bolli duecht dat do geet an d’ A.

D’ Verhéier huet an d’ Nuecht gedauert,
T’ huet keen Dupond-Dupont bedauert.
Géint den Muergen koumen sie dann frei.
Geld an d’ Schwäiz schmuggelen ass OK.

Warnung: Wann der mengt a puer Charakteren géingen Leit am richtegen Liewen gläichen, dann ass dat keen Zoufall. Nee, dat ass mat Absicht geschitt.

No comments:

Post a Comment