Saturday, June 13, 2009

Maybolli (7)

De May déi sot: ” Et gëtt elo Zäit,
Déi Minn déi gëtt erausgehäit.
Ech huelen elo déi Kuddelmuddel,
An droen dat dem Meeschter Mousel.”

De Minn ass och ee Meeschter,
De Mousel ass méi reng.
“De Minn ass mir ze kleesper,
Ech kréien dien schonn kleng.”

“Oh May, oh May,” den Egide keimt,
“Ech weess nit wat mat Mousel reimt.
Ech versichen alt Deontologie,
Deen ganzen Buttek, et reimt sech ni.”

De Mousel ass een Affekot,
Den Egide ee strammen Zaldot.
Hie kann ganz riicht drop lass marschéieren,
May, Mousel a Bolli, ginn a Kéieren.

Leif Leit dass Dir et wësst,
Déi Geschicht, déi ass dëst:

De Mousel souz um Kapp vum Dësch,
Hien ass nach laang keen klengen Fësch.
Hien schreift een deieren Pabeier,
Dem Egide ass dat ongeheier.

“Hei ass et schrëftlech,” sot de Mousel,
“Gutt” sot de May an och séin Puddel.
“De Minn ass sou gutt wéi vrun der Dier,
Meeschter Mousel, ech danken Iech derfir.”

Zwee honnert Mille fir ze fléien!
Den Egide wëllt och fléien leieren.
Eng Partie ass am Dollar libelléiert,
Maach Minn dat den Heintz näischt héiert!

De Mousel’s Paul ass Schrëft geléiert,
Hien huet säin Ziedel fabrizéiert.
Hien sot: “kräizt hei bei Bolli a May
An Egide ënnerschreif mer hei.”

“75.000 Dollar vun Iech dräi,
An 125.000 Euro nach derbäi.”
Dat éischt ass firm Minn seng Aarbecht,
Dat zweet weess keen wat dat do mécht.

De Minn, Frinn a Stinn ginn zréck hir Part ‘en,
Iwwerall wou Séi vertrueden waren.
D’ geet zréck bei May, Bolli, Egide,
Wou jiddwereen gläich Part ‘en kritt.

Zwee man ee Kräiz, een eng Paraphe,
D’ Woch drop do gëtt an d’ Keess gegraff.
Den Egide war schonn rëm iwwert de Pull,
May, Bolli waren d’ Katz, den Egide war de Vull.

Den Egide huet näischt schlechst geduecht,
Ee Joer duerno huet een em d’ Nouvelle bruecht.
De Spioun dien sot: “wat ass dann do geschitt,
Wuerfir hunn May a Bolli all d ‘Part ‘en kritt?”

“Wat sot Dir do,” huet do den Egide gesot,
“Dat ass nit méiglech, wann Dir mech frot.
De Mousel hat dach meng Prokuratioun,
Wou hutt Dir dat hier, mäi léiwe Spioun?”

“Ma kuckt mol selwer am Mémorial,
D’ Prokuratioun, dat war eng Fal.
Op Säit véierhonnert, wei Dir gesitt,
May, Bolli hunn alles fir een Euro kritt.”

“Dat do muss Ech dem Wagener soen.
Beim Bâtonnier well Ech géint de Mousel kloen.”
“Eng Klo géint de Mousel, zu Lëtzebuerg?
Dat gëtt näischt, maach Der do keng Suerg.”

Den Egide ass rosen ewéi ee Bock,
Enges Daags geet hien an schreift ee Blog.
“Da liesen Ech deenen emol d’ Leviten,
Wei enger Tut voll plakeger Fritten.”

May jo, léif Leit, déi Geschicht hëlt Zäit.
Haut si mer nach guer nit esou wäit.
Et stinn nach souvill Saachen vrun der Dir.
Déi all kommen elo eemol nach vir.

No comments:

Post a Comment