Sunday, June 7, 2009

Maybolli (6)

O May, o May sot dunn den May,
Ech packen dat guer nit hei.
Et muss een alles selwer maachen.
Et ass mer guer nit fir ze laachen.

De Bolli verschreift mol Elixir,
Déi zwéin hunn Falen op der Stir.
Komm mer huelen den Jean Lück Minn mat dran,
Hien schmäisst da schonn de Restaurant.

De Minn, Frinn, an Stinn komme bäi,
Déi fueren direkt hannert de Bräi.
D’ Finn an d’ Trinn kommen och derbäi ,
Restauranten ginn et der elo dräi.

Kommt all et gëtt vill Freed,
Juch hee juch hee Bice.
Sie féieren voller Fester,
Keen aneren kann dat besser.

Zwou Wochen dauert de Firlefanz,
Ee gutt Verméigen kascht dat ganzt,
D’Goelle Fra déi krut ee Schierteg un,
De Minn wollt duerfir Suen hunn.

A wann de May séin Pättchen drénkt,
De Bolli dann sei Ständche sengt.
Kettchen, Kettchen, bréng mer nach e Pättchen,
Ee Maybolli, a soss keen,

Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been
Bereléng, léng direlire-léng, bere-léng, léng direlire-léng,
En Dronk fir Broscht a Been, en Dronk fir Broscht a Been.

Et ginn der déi hunn een rosenen Soff,
Daags drop leien se mam Minn am Zoff.
“T'geet esou nit weider”, sot de May,
An do matte war all Léift verbäi.

Leif Leit passt op wat elo geschitt,
Den Egide kritt alt erëm seng Britt.
Doriwwer ass esou vill ze zielen,
Dass mer déi Bir vläicht maar dann schielen.

No comments:

Post a Comment