Um Donnerbalken |
Den Schäissert vun Manternach
Bal dräi Wochen laang gouf
am Lëtzebuerger Wort,
Eng Sprooch gefouert wéi
beim Bop vun Stengefort.
Alles sicht no engem Schäissert
zu Manternach,
Deen begeet seng
Verbriechen och am Wanter nach!
Déi grouss Nouvelle ass
dass d’ Wort esou eppes schreift,
An nitt dass een Schäissert do säin Onwiesen
dreift.
Bestëmmt ass dat déi nei Ligne éditoriale, (1)
An der Zäit wär sou een
Vocabulaire jo duerchgefall.
Deen neien LuQ hat déi nei
Sprooch nach duerchgesat,
Als Reporter huet den Péckvillchen
alt um Wuert geknat,
Dat huet d’ Lëtzebuerger
Wort him an den Mond geluecht,
Et léisst een
Nogeschmaach wann et op der Zong vergeet.
Eis Sprooch ass lo
transparent mat deem Pipi Kaka,
Dat seet jiddefalls deen groussen Zarathustra!
Hien sollt sech den schrecklechen Fall mol unkucken,
An seng Nues an d’ Affär stiechen ouni ze zucken.
Déi brav Leit am Trauma ginn him iwwerall no,
An wien ass dann nëmmen deen Knaschtbeschmotzer do?
“ Hm” sot den Weisen Mann, “deen Flapp ass schlecht
verdaut,
An d’ Trapegelänner gouf als Donnerbalken gebraucht. “
“An deen Koup am Tunnel weist Laktos Intoleranz,
Den Typ ass opgelaf, deck Panz an Flatulanz,
Säin Footprint vum Methan ass deen vun enger Kou,
An wann en Choufleur ësst wären dat der zwou!”
“T’ ass een Mann tëscht fofzéng an achtzeg Joeren”.
“T’ass den Joss, nee kloer den Piir, ma gewëss, den Kloos!”
”Et war also keng Fra” sot d’ Madame vum Nopeschduerf,
“ Nee” sot den Noel Golden, “een Heeschert mam Affer
Kuerf!”
An dat Latrinengespréich ass séier politesch ginn:
“Den Schäissert soll wëssen dass mir hannert him stinn!
Mir wëllen komfortabel Schäisshaisercher fir den
Public,
Mat Aschlanter an flotter Militär Marschmusek.”
Wéi an der aler Zäit déi an der Vergaangenheet läit,
Läit do een Stouss Pabeier, keen Blat vum Wort gëtt ewech
gehäit,
All Blat ass kulturell an hygieenesch ganz wichteg,
An d’ Schäisshaischen am Duerf ass nëmmen richteg!
An der Nuecht koum do
eppes em den Eck geschlach,
Verwonnert, d’ Bocks op den Knéien nach.
“Tjö, Merde alors, mat esouvill Polizei ,
Kann een jo nemméi roueg schäissen hei!”
D’ Lëtzebuerger Wort huet awer keen Numm genannt.(2)
Dat ass privat, d’ Affär läit am Noel Golden senger
Hand.
Mee eisen Schäissert ass een Held, den Tabu ass
gebrach,
D’ Wort war verréckt op den Schäissert vun Manternach!
(1) Jean-Lou Siweck quitte le Luxemburger Wort et Deborah de
Robertis y est à poil.
(2)
Manternach: Polizei macht „Schäissert“ ausfindig
https://www.wort.lu › osten › man...
Feb
29, 2024 — „Wir sind informiert worden, weil
mehrmals ein Haufen in der Fußgängerunterführung unter den Eisenbahngleisen gefunden
wurde“, sagt er.