deen éischten qatareschen Qandidat fir Lëtzebuerger Premier
رئيس وزراء لوكسمبورغ القطري
D’ Redaktioun vum Péckvillchen iwwerhëlt seng zivil Verantwortung fir de wëllen Wieler besser z’ informéieren.
Mee d’ Oppositioun duerno huet him nitt
geschmaacht,
Hien hat nëmmen fir Staatsminister geléiert,
Et ass beschwéiert wann sou een d’ Walen verléiert.
Den Emir
vum Qatar sot dunn een mir een Dir,
Mee duerfir
schreifs De Dir dann Qatar op d’ Stier.
Déi Affär
matt Qargolux déi war alt esou,
Mee Du
goufs Eis jo och d’ BIL an d’ KBL derzou.
An hien huet
dunn den bei d’ Deutsche Bank geschéckt,
Zu London
hat hien ee Lach vun 6 Milliarden iwwerbréckt.
Den Evangelist LuQas hat schonns 2013 d’ Parabel erzielt,
Wou den sot Ech kommen erëm wann
der mech wielt.
Fir déi jonk
Generatioun ass den ganz friem,
Méi eeler soen
hien hätt nach ëmmer een Knapp ze vill um Hiem.
Dat muss
elo klappen, “Seng Qinneqlech Altesse versteet qeen Spaass,”
Sou sot den
Al Bakr vun QR, “well SQA soss Qiqs Ass.”
An duerfir loosst
den Péckvillchen Iech presentéieren,
Den ,hien mécht dem Qatar d’ Éieren,
Kuckt hien um Wisefest an op der Fouer do,
Mam Tropen
Helm wéi den Tintin am Congo.
Den Emir
sot, “wien ass Ilres, Ech kafen déi ”.
D’ Paulette sot “ déi Pëtrol Dollaren, dinn de Gréngen wéi !”
"Als Wäin Kinnigin fannen Ech dat eng Schnapsiddie,
Dan bleift just nach eng Koalitioun, cQfd."
No comments:
Post a Comment