Friday, September 15, 2023

Walen zu Lëtzebuerg. D’ Paulette ass déi allmächteg Kleopatra !

 



D’ Redaktioun vum Péckvillchen iwwerhëlt seng zivil Verantwortung fir de wëllen Wieler besser z’ informéieren. Haut mam Paulette.















Walen zu Lëtzebuerg. D’ Paulette ass déi allmächteg Kleopatra !


Der Ilres hir Ëmfro duerch Stad an Land,

Ass Iech jo bestëmmt schonn beschtens bekannt.

D’ Arithmetik ass grausam a seet ouni vill Tralala,

Den Arbitter des Kéier wär d’ Kleopatra.

 

D’ Paulette ass eist Kleopatra vun der Musel,

An seet t’ bleift beim Alen oder t’ kënnt een Wiessel.

Den Winston Churchill sot dem Péckvillchen dunn,

“Gleeft kengem Ilres, à moins  en selwer gefälscht ze hunn.”

 

All gesinn se Pyramiden déi laanscht d’ Musel stinn.

Um Apex uewen setzt souverän eis Kinnigin.

Den aachten Oktober owes huet Sie d’ Soen,

Huet een vun Iech dann elo nach Froen?

 


Well deen wëllen Wieler wielt seng Hieroglyphen,

Hir Profiller no lénks an riets, souguer een Schifen.

Mam Ibis, Fallek, oder mam Wollef um Kapp,

Bis dohin hält d’ Kleopatra se all um Trapp.

 

D’ Pyramiden kucken no allen Säi-äiten hin,

Vun iwwerall wäert Dir dann Dräiecken gesinn.

Dräi Ecken laut Orakel weist eng Dräier Koalitioun,

Alles aneschters wär jo eng Feelkonstruktioun.





No comments:

Post a Comment