Thursday, October 10, 2013

Hëllef! Ech gesinn Orange fir d' Zukunft!


Ass dat do den Péckvillchen? Op allen Fall ass dien mega süß! Photo ET

Hëllef! Ech gesinn Orange fir d' Zukunft!

Wann een virun Joeren ausgewandert ass,
Dann freet een sech, wat ass dann mat Lëtzebuerg lass?
Dann erkennt een jo seng al Sprooch nit méi erëm!
"Oh wie süß, esou mega" seet eng zackeg Stëmm.

An dann kommen vill nei Wierder an den Gebrauch,
Wéi "Nohaltegkeet", dat gëtt engem Krämp am Bauch.
An dann sinn all déi, déi kënnen "novollzéien",
Ech kann dat och, fir eis Sprooch op d' Kopp ze dréinen.

T' geet nit duer mam Minister fir Nohaltegkeet,
Mir kréien och een fir Stabilitéitegkeet,
Dien cumuléiert gëtt mat der Baufällegkeet.
An den Aarbechtsminister krit och d' Liddregkeet.

Den Justizminister kritt d' Ongerechtegkeet,
Een Staatssekretär kritt d' Krankheet an d' Topegkeet,
Eis Ombudsfra gëtt d' Madame Virbehaltegkeet,
Dat ganzt iwwerwaacht vum Här Hannerlëschtegkeet.

Ass dat geschafft, dann hunn mer endlech Transparenz,
Dann nätzen mer d' Fräiheetsbeemercher mat der Strenz,
An wann déi dann  bléien, maachen mer Lannentéi,
Dat wär mega süß, dann hätten mer keng Krämp méi! 


Sunday, October 6, 2013

Huet schonn een vun Iech den Juncker gesinn?


    Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass ee Ligen Reiher mat 
    engem Wal Verspriechen. Photo ET


Huet schonn een vun Iech den Juncker gesinn?

Ech hunn et gesot, an Ech soen et och nach,
Brauch Lëtzebuerg dann iwwerhaapt den Juncker nach?
Hien war nie do, an trotzdem wielen s' en rëm all,
Hien ass jo lo do, op Plakaten, iwwerall.

T' gouf e bësschen Gedeessems an der Tse Ess Fau,
Do woussten se den Walprogramm nach nit genau.
Dunn soten se dat neit Schwaarzt wär elo Orange,
De Juncker sot "Ech sinn rout, an ginn op Florange."

Den Mischi sot; " Dat Duercherneen, SREL, Coup d' État,
Parlament, Kommissioun, geet hien op Europa?
Mir brauchen hien nach, hien muss jo Stëmmen fänken,
Loosst mer hien op neien Plakaten ophänken!"

Elo steet hien do, ganz eleng op allen Ecken,
"Eleng, zesummen fir Lëtzebuerg?" froen d' Gecken.
Ma jëmmen an gewëss, hien ass all Dag um Tour,
Souguer mam Luc Frieden an Sarah Khabipour.

Hien mécht Spréchelcher, bleift nach laang zu Lëtzebuerg.
Néng Méint bis d' Europawal, ass dach nit ze uerg?
Kuckt d' Plakat, rout Cravatte, bloen Kostüm, gréngen Bësch,
Bleift en, oder sinn dës Walen säin Gréngen Dësch?


Wednesday, October 2, 2013

Monday, September 30, 2013

Kuck emol, keen klinzeg klengen Kumul


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Cumulard. Photo ET

Kuck emol, keen klinzeg klengen Kumul
Fir eng politesch Revolutioun

Mir wéilten mir hätten keng méi wéi mir der haten,
Deeër Kandidaten mat méi wéi zwéin Mandaten.  
Verbueden ass och eis een Putin ze maachen.
Eraus an eran, dat wär jo fir ze laachen.

An Schluss och mat Posten ze cumuléieren,
Fir iwwerall am Bräi mat wëllen ze réieren.
Een Premier dien Buergermeeschter ass am Tirol,
Oder een Minister dien kacht mam Mittal Stol.

Se sinn knapps gewielt dann gëtt d ‘Land hinnen ze kleng,
Dann verloossen se d’ Ländchen an hir al Gemeng,
Fir d’ Welt Bank, den Euro an d’ UNO ze retten.
Mee den Stull ginn se nit hier, wat wëllt der wetten?




Wednesday, September 25, 2013

Zu Schraasseg goung een duerch d' Bascht.


    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat ass den Héngerdéif vun 
    Schraasseg. Photo ET.


Zu Schraasseg goung een duerch d' Bascht.

Dem Giischtchen zu Schraasseg ass jo eng Schéin geschitt!
Den Hunn ass verschwonn, hien huet jo een Fräi Schäin kritt.
Hien gouf verwiesselt mam Iesel, dat klengt jo d' selwecht,
Oh Octavie, wann een den Hunn zum Iesel mécht!



Monday, August 19, 2013

De Schëfflenger Kierch Hinnchen





























Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass den Schëfflenger 
Kierch Hinnchen am Exil. Photo ET

De Schëfflenger Kierch Hinnchen

Am Summerlach wousst RTL näischt ze melden,
Vun Ministeren, Kläpper an anren Helden.
Mee Schëffléng hat eng Katz geklemmt an der Fënster.
Déi hat bestëmmt ze vill gefrupst beim Lea Lënster.

Do sinn d' Pompieren erausgeréckt mat de Schläich,
Siren, a Leeder, d' Broscht eraus, mat flaachen Bäich.
An elo ass den Schëfflenger Kierch Hunn fir d' Katz,
Iwwert déi grouss Leeder geet d' Katz an deem seng Plaz. 



Saturday, August 17, 2013

Eng deck geklauten Prime bei der Ackerbauverwaltung ass eng kleng Zomm, déi enorm ass fir zréck ze bezuelen (1)

    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Beamten vun 
    der Ackerbauverwaltung dien epps Kléngs mat heem hëlt fir seng 
    Fra. Photo ET

Eng deck geklauten Prime bei der Ackerbauverwaltung ass eng kleng Zomm, déi  enorm ass fir zréck ze bezuelen (1)

D' Ackerbauverwaltung ass huel an der Rommel,
Do verschwätzt sech jo een, eng Bei wär eng Bommel.
Eng kleng Zomm wär enorm fir zréck ze bezuelen,
Zemol wann se engem den Subsid och nach huelen.

Dir kennt d' Geschicht, vum Mann an der Agrikultur,
Senger Bauerefra goung den Betrib nit duer.
Hien sot: "Ma Ketty Ech maachen Dir dat an d' Rei,
Ech verschafen Dir een Subsid nieft menger Pei."

"Ma Metty wéi soll dat, Ech bauen jo näischt un?"
"Dat mécht näischt, Ech sëtzen jo do wéi d' Méck um Krunn.
Wann meng Fra näischt kréich, dat wär dach fir ze laachen,
All d' Maschinnen déi ' s De brauchs fir näischt ze maachen!"

"Mir man ganz einfach ee Betrib um Pabeier,
Keen Hännes op der Genn an och keng Scheier,
Keen Maehdrescher, keen Mëschtspreeder an och keen Plou,
Keen Trakter, keng  Éig, keen Héngerjuck, Päerd a Kou."

"Du gëss ganz einfach puer Hektar vun Farmville (2) un,
Ech man mäin Stempel drop, dann kréint keen Hunn dervun!
Wann een enges Daags een Problem wëll bauen,
Soen Ech, Du wäers dach menger Fra kënnen trauen."

"Amplaz den Karschnatz ginn mir mam Wort op d'  Croisière."
"O Metty" sot d' Ketty, "mir ginn op d' Cannebière,
Buffet am Sieschter an Zänner, do ass epps lass."
"Jo mäin Schof, Ech sinn jo nit vum Lämmes gebass."

Mee enges Daags koum eppes an den Stall geschlach,
Wëll  awer keng Kou do war gouf och keng gestrach.
Dunn koumen d' Läit hien sichen wéint der Gaunerei.
T' hat keen Schwäin eppes gesinn vun der Sauerei !

"Dräihonnert fofzeg Mille, am Fong geholl eng ganz kleng Zomm,
Déi ass zwar enorm", sot den ASTA (3) Agronom.
"Wann hien muss zréck bezuelen, hien gouf jo erwëscht,
Ee Gléck t'gëtt keng  laang Lëscht, vun nach méi dëser Mëscht."

"Dien Mann vun deem mer schwätzen gouf direkt versat,
Vun engem Trach an dien selwechten an der Stad.
Hien ass elo Chef fir déi aner ze léieren,
Wéi een vergläicht zwëschen Ochsen an Stéieren."

Sou sot den Agronom ouni ze tuddelen,
Wéi ass hien sécher dat déi aner nit fuddelen?
Mir sinn jo awer keng vun Hee an Stréi,
Wou een fuddelt sinn der bekanntlech nach méi.

(1) Dat ass dien längsten Titel dien den Péckvillchen jee hat.
(2) Farmville, dat Spill op Facebook wat ëmmer een mir schéckt! Halt op dermat!
(3) Administration des Services techniques de l'Agriculture ASTA